Mamer

Gemengewalen  2023 : Merci fir deen zweete Sëtz fir d’DP zu Mamer !

Léif Wielerinnen a Wieler, Mir soen Iech häerzlech Merci fir Är Ënnerstëtzung bei de Gemengewalen vum 11. Juni 2023. Merci fir déi 13,03% vun de Stëmmen, déi Dir op d’DP Gemeng Mamer vereent hutt. Dat huet eis erméiglecht, en zweete Sëtz am Gemengerot kënnen ze besetzen. Eis zwee Spëtzekandidaten Jessica Klopp a Sven Bindels vertrieden Iech déi nächst sechs Joer am Rot vun eiser flotter Gemeng. Si wäerte mat der Ënnerstëtzung vun der ganzer Ekipp vun der DP Gemeng Mamer alles dorunner setzen, Äert Vertrauen ze honoréieren a versichen, esouvill wéi méiglech Punkten aus eisem Walprogramm ëmzesetzen. Mir sti fir eng konstruktiv Oppositioun am Interessi vun alle Biergerinnen a Bierger an der Gemeng Mamer. Liest geschwë méi hei iwwert eis weider politesch Aarbecht. Jessica Klopp & Sven Bindels

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp