Mamer

Jessica Klopp

Engagéiert, determinéiert an ëmmer positiv agestallt : Eis Co-Spëtzekandidatin Jessica Klopp, 36, vu Mamer, ass e Mënsch, deen net gären doheem setzt, mee eng Hand mat upaakt, fir Saachen ëmzesetzen. Der Léierin läit et ganz uewen, der Jugend eng méi staark Stëmm zu Mamer ze ginn, mee och an d’Zukunft vun de Kanner ze investéieren, ënner anerem och duerch d’Fërderung vum Natur- a Klimaschutz. D’Jessica ass Member vun de kommunale Kommissioune fir Jugend a Schoul an a ville Veräiner engagéiert, zum Beispill an der „Harmonie Gemeng Mamer“. Politesch ass si scho ganz laang fir d’éischt bei de Jonke Liberalen an elo an der DP engagéiert. D’Jessica ass Sekretärin vun der DP Gemeng Mamer a Member vum Regionalcomité Süden vun der Demokratescher Partei.