Mamer

Luca Tropeano

De Luca Tropeano, 36 Joer, ass berufflech am Beräich Carsharing ënnerwee. Hie wunnt zanter 8 Joer zu Mamer, a fillt sech wuel an dëser ganz internationaler Gemeng. De Luca mengt awer, dass nach méi sollt an d’Inclusioun investéiert ginn, haaptsächlech fir Matbiergerinnen a Matbierger mat enger Behënnerung, mee och fir eis eeler Generatioun, déi sech an der digitaler Welt heiansdo schwéier deet mat administrativen Demarchen.