Mamer

Mat vollem Elan fir Mamer!

D’DP Mamer huet hier Generalversammlung ofgehal an d’Lëscht vun de Kandidatinnen a Kandidate fir d’Gemengewalen vum 11. Juni virgestallt.

D’DP Mamer huet sech Méindegowes, den 9. Januar am Festsall vun der Schoul um Kinneksbond zu Mamer getraff.

Op der Dagesuerdnung stoung fir d’éischt d’uerdentlech Generalversammlung. De President a Gemengerot Sven Bindels huet d’Begréissung vun de ville Memberen a Gäscht – dorënner d’Ministesch fir Famill, Integratioun a Groussregioun Corinne Cahen, d’Deputéierte Gusty Graas, Max Hahn a Pim Knaff an d’Presidentin vum DP Regionalcomité Süden Daliah Scholl gemaach, iert d’Sekretärin Jessica Klopp hire Joresrapport iwwer d’Aktivitéiten vun der DP Mamer duergeluecht huet.

Foto. DP Mamer

Op e puer Highlighte, wéi déi traditionell 1. Mee Feier beim Mamer Schlass oder d’Präsens vun der DP Mamer um Chrëschtmaart ass och den Tresorier Dany Magar nach eng Kéier agaangen. Um Ufank vum Waljoer 2023 stinn d’Finanze vun der DP Mamer exzellent do.

Foto: DP Mamer

Den Dany Magar krut dann och d’Decharge vun der Generalversammlung fir seng exemplaresch Keesseféierung.

Foto: DP Mamer

De Comité vun der DP Mamer gëtt iwwerdeems méi grouss : D’Generalversammlung huet d’Kandidature vum René Friederici, Marie Kirch, Lionel Descharrières a Claude Karger gutt geheescht.

Nom Rapport vum Sven Bindels iwwer d’Aarbechten am Gemengerot hunn d’Daliah Scholl an de Gusty Graas d’Wuert ergraff fir der DP Mamer alles Guddes fir d’Gemengewalen den 11. Juni ze wënschen.

Foto: DP Mamer

D’Kandidatelëscht mat vill Kompetenz, Erfarung an Engagement wär op jidder Fall ganz villverspriechend.

No der Decharge vum Comité huet de Sven Bindels dann och seng Matkandidatinnen a –kandidate virgestallt. Hei ass d’Lëscht an alphabetescher Reiefolleg:

BINDELS Sven – 43 – Mamer – Staatsbeamte bei der Post

BISSEN Jean – 67 – Capellen – Informatiker a Pensioun

BRANDENBURGER Gilbert – 66 – Holzem – Gemengenugestallten a Pensioun

COIMBRA Tun – 49 – Mamer – Handelsvertrieder

DESCHARRIERES Lionel – 49 – Mamer – Direktiounsmember bei enger Fluggesellschaft a Pilot

DI FABIO Graziella – 51 – Mamer – Rezeptionistin am Mamer Altersheem

FRIEDERICI René – 71 – Mamer – Personalchef Grupp Paul Wurth a Pensioun

HENGEN Jeff – 44 – Mamer – Beruffspompjee

KARGER Claude – 50 – Capellen – Staatsugestallten

KIRCH Marie – 42 – Mamer – Architektin

KLOPP Jessica – 35 – Mamer – Léierin an der Grondschoul

MAGAR Daniel – 47 – Mamer – Industrieingenieur

TROPEANO Luca – 37 – Mamer – Koordinator Carsharing

WATRY Marc – 44 – Capellen – Buschauffer

ZANGERLE épouse KLOPP Sylvie – 63 – Mamer – Verkeeferin a Pensioun

1. Rei (v.l.n.r): Jessica Klopp, Sven Bindels, Graziella Di Fabio, Marie Kirch, Claude Karger. 2. Rei: Sylvie Zangerlé ép Klopp, Gilbert Brandenburger, Tun Coimbra. 3. Rei: René Friederici, Luca Tropeano, Marc Watry, Daniel Magar. 4. Rei: Jeff Hengen, Lionel Descharrières, Jean Bissen. Foto: DP Mamer

Op en Enn gaangen ass den Owend an enger entspaanter Ambiance mam traditionelle Neijooschpatt offréiert vun der DP Mamer.

Vill Frëndinnen a Frënn vun der DP Mamer ware laanscht komm. Foto: DP Mamer

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp