Mamer

Sven Bindels

De Sven Bindels, 43, huet d’DP Gemeng Mamer déi läscht 6 Joer am Gemengerot vertrueden. Als President vun der lokaler Sektioun vun der Demokratescher Partei a Co-Spëtzekandidat fir d’Walen 2023 schafft hien zesumme mat de Membere vun der Sektioun drun, déi liberal Stëmm am Gemengerot ze stäerken, am Interessi vun alle Biergerinnen a Bierger. Fir de laangjäregen Fussballsarbitter solle Fairplay an Transparenz och an der Politik héich gehale ginn. De Sven, dee bei der Post haaptberufflech Glasfaserprojete begleed, ass technologiebegeeschert an e Sportler duerch an duerch. Dofir ass hien och Member vun der kommunaler Kommissioun fir Sport a Fräizäit. Hien ass och Member am Regionalcomité Süden vun der Demokratescher Partei.