Mamer

Tun Coimbra

Dem Tun Coimbra, 49 Joer, Handelsvertrieder vu Mamer, läit virun allem de Sport an d’Kultur um Häerz. Fir de laangjärege Fussballspiller, deen och Co-Trainer zu Mamer war, sinn dat déi zwee Beräicher, déi d’Leit aus alle Länner am meeschte verbannen. Den Tun Coimbra gesäit nach vill Méiglechkeeten fir déi Beräicher zu Mamer weider auszebauen a setzt sech dofir an.