Contern

Cynthia Gansäuer

41 Joer, Talent Acquisition Specialist, Conter

Cynthia Gansäuer, 41 Joer, schafft als Bankemployée a wunnt säit 5 Joer zu Conter.
Ech si bestuet an hunn zwou Duechteren. Ech engagéiere mech bei Schoulprojete well mir d’Theme Bildung a Kannerbetreiung um Häerz leien. Och fir eis Kanner fannen ech d’Thema Klimaschutz extrem wichteg an dat fänkt mat gudder Gemengepolitik un.

Ech kommen aus Däitschland, vum Mëttelrhein aus dem Duerf vun den Tierm a vum Wäin. Ech si bestuet an hunn zwou Duechteren. Ech hunn HR Management studéiert a schaffen am HR Departement vun enger Bank mat Schwéierpunkt op Rekrutement. Et ass ëmmer spannend verschidde Leit ze treffen an ze kucke wou se hierkommen, wat se am Alldag beweegt a motivéiert.

A menger Fräizäit maachen ech Yoga a ginn tauchen. Wann ech net grat den no-ënnen-kuckenden Hond maachen oder meng ABC-Ausrëschtung zesumme sichen, sinn ech och am Benevolat an de Primärschoule fir de Programm “ons Communautéit” ennerwee. Ech sinn der Meenung, datt d’Kannerbetreiung an d’Schoul extrem wichteg fir eng funktionéierend Gesellschaft sinn. Mat menge Meedercher ass den Ëmweltschutz en alldeeglechen Thema bei eis am Haus an ech mengen, datt op kommunalem Niveau vill ka geschéien a beaflosst ginn. Als Däitsch zu Lëtzebuerg fannen ech d’Thema Integratioun an Zesummeliewen och e wesentleche Bestanddeel vun enger Gemeng fir eng Kultur ze kreéieren an där jidderee wëllkomm ass a Geheier fënnt.