Contern

Dali Zhu

34 Joer, Restaurateur, Conter

Dali Zhu, 34 Joer, schafft als Restaurateur an ass zu Mutfert opgewuess.
Ech si gepacst an hunn zwee Kanner. Meng Stäerkte leien an de Beräicher Budgets-Previsiounen a Käschten-Optiméieren. Betriber, Weltoppenheet a Verstännegung si mir e grousst Uleies, woufir ech mech och weiderhi wëll asetzen.

Viru 25 Joer hu meng Famill an ech eis an eiser Gemeng néiergelooss. Hei sinn ech an d’Primärschoul gaangen a war en engagéierten Dëschtennisspiller fir Éiter.

Zu Stroossbuerg hunn ech studéiert a mat engem Master an der Statistik an Econométrie ofgeschloss. Berufflech hunn ech 4 Joer op der Spuerkeess als Riskmanager geschafft éier datt ech mech 2020 entscheet hunn de Familljebetrib hei an der Gemeng ze iwwerhuelen an se duerch d’Corona-Kris ze féieren.

Politesch gehéieren ech zanter 2 Joer eisem Gemengerot un. Meng Stäerkten an de Beräicher Kommunikatioun, Budgets-Previsiounen a Käschten-Optimiséierung setzen ech fir eis Gemeng a fir datt eis Gemeng eng gesond, transparent a nohalteg Finanzpolitik kritt.

Mat menger Partnerin an eisen 2 Kanner di d’Spillkëscht zu Mutfert frequentéieren, setzen ech mech och fir eng optimal Weiderentwécklung vu eisem Schoul- a Sportkomplex an.

Mir mëscht et Freed och un aner sëllege Projet’en vu eiser Gemeng matzeschaffe well ech zu déifst iwwerzeegt sinn datt eng Contributioun zum Allgemengwuel e feste Bestanddeel vun engem geschéckleche Liewen ass. Dofir wëll ech mech weiderhi fir eis Gemeng mat all hiren Uertschaften an all hiren Erausfuerderungen engagéieren an ech sinn och bereet méi Verantwortung ze iwwerhuelen.

Dali Zhu