Contern

Ernest Pirsch

53 Joer, Garagist, Conter

Ernest Pirsch, 53 Joer, féiert mat senger Schwëster zesummen e Familljebetrib.
Ech si Papp vun zwee grousse Meedercher. A menger Fräizäit ginn ech gär mat mengen 3 Muppen an de Bësch. Iwwer eng laang Zäit war ech fir d’Handwierk am Verbandsliewen aktiv. Sech fir eppes z’engagéieren an zesummen eppes erreeche wëlle bedeit mer vill.

Ech hunn 53 Joer, si Papp vun zwee grousse Meedercher a wunnen zanter 4 Joer zu Conter, enger Gemeng, déi mech ugezunn huet an net wäit ewech vu menger Aarbechtsplaz läit.
Ech hunn zu Aix Droit studéiert a sinn dunn, nodeems ech 1995 op Lëtzebuerg zréckkomm sinn, mat an eise Familljebetrib erageklommen, deen ech bis haut mat menger Schwëster zesumme leeden. Zanterhier war ech och am Verbandsliewe ganz aktiv, virun allem an Associatiounen, déi mat der Automobilbranche an dem Handwierk ze dinn hunn. Nieft der Proximitéit zu menger Aarbechtsplaz huet mir gutt gefall, datt Conter an engem natierlechen Ëmfeld lait a méi e rouege Liewensraum bidd wéi d’Stad, wou ech virdru gewunnt hunn. Et ass net wäit bis an d’Natur, déi ech immens gären hunn a wou ech mat mengen dräi Muppe spadséiere ginn. Donieft sinn ech en Autosgeck an interesséiere mech fir d’Fotografie. Mat där nämmlechter Passioun géif ech mech elo gär an der Politik engagéieren. Ech wëll matwierken, fir datt eis Gemeng am gudde Sënn evoluéiert. Dat geet fir mech just mat der DP. Ech interesséiere mech besonnesch fir alles ronderëm de Commerce de proximité an eist Zesummeliewen; Transparenz ass mer och ganz wichteg. Mir sinn eng Gemeng mat e puer Dierfer an ech hätt gär datt sech d’Liewenskalitéit vun de Matbierger net nëmmen zu Conter, mee an all den Dierfer vun eiser Gemeng verbessert.