Contern

[LU][DE][FR][EN]

Léif Matbiergerinnen a léif Matbierger,

Mat dëser Publikatioun wëlle mer Iech de Bilan aus eiser Siicht zu deene wichtegste Sujeten aus der elo zu Enn goender Legislaturperiod duerleeën.

Eis Vertrieder am Conter Gemengerot an an de verschiddene Kommissiounen hu wuel eng Rei Projete vun der Majoritéit matgedroen, déi néideg waren a si fir eis Gemeng op allen Niveaue fit fir d’Zukunft ze maachen. Hei kënne mer d’Investissementer an eis Infrastrukture wéi d’Drénkwaasser an d’Ofwaasser nennen oder och de soziale Wunnengsbau.

Ganz vill Projete konnten ons Zoustëmmung allerdéngs net kréien, well se aus eiser Siicht net ganz duerchduecht waren, Alternative net analyséiert goufen oder ze deier sinn.

1. ENG GEMENG MAT VILLEN DIERFER

Déi allermeeschte grouss Projeten an dëser zu Enn goender Legislaturperiod hu sech op d’Duerf Conter konzentréiert. Zur Gemeng gehéieren awer och Mutfert-Méideng, Éiter an eng Rei Häff ronderëm. Mir fannen, datt am Cader vun enger équilibréierter Duerf- an Gemengenentwécklung iwerall hätte Projete missen ëmgesat ginn, duerch déi sech d’Liewensqualitéit vun all eise Matbierger verbessert hätt.

2. TRANSPARENZ

Mir sinn der Meenung datt, obscho vill Reunioune waren, et un der néideger Transparenz säitens vum Schäfferot feelt. Vill Informatioune kommen nëmmen drëpsechersweis ouni awer ee Gesamtkonzept ze presentéieren, wéi zum Beispill bei der Duerfentwécklung oder dem Personal. Bei der Presentatioun vum leschte Plan Pluriannuel de Financement z.B. goufe just d’Eckdate presentéiert ouni awer, och op Nofro hin, an den Detail anzegoen.

3. CONTER STUFF

Mir stinn hannert dem Projet Conter Stuff. Nieft dem Gebai ass d’Gemeng och elo Propriétär vum Terrain hannendrun deen u weidere Gemengenterrain stéisst. Doduerch ass et an Zukunft méiglech eng adequat Entwécklung vum Duerfkär ze plangen an ëmzesetzen. Och d’Schafe vun enger stänneger Plaz fir d’BD an hirer grousser Kollektioun u Bicher ënnerstëtze mir, grad wéi eng nei Wiertschaft mat engem Restaurant op där Plaz.

4. ËFFENTLECH TOILETTE ZU CONTER

Mir sinn erfreet, datt op eis Initiative hin endlech eng ëffentlech Toilette op Conter nieft d’Kierch koum.

5. CHANTIERSKOORDINATIOUN

Mir sinn net d’Accord mat der Chantiersplanung a -koordinatioun, besonnesch wat de grousse Chantier zu Conter ugeet. Eiser Meenung no hätt do besser geplangt kënne ginn. Secherlech goufen et verständlech Schwieregkeeten an der Exekutioun vum Chantier an der leschter Zäit. D‘Gestioun vum Chantier am Duerfzentrum vu Conter ass nawell inakzeptabel.

6. NEIT GEMENGEGEBAI

Den aktuelle Schäfferot plangt ee ganzt neit Gemengegebai um Site vun der aler Schoul zu Conter. Sécher besteet de Besoin weider nei Raimlechkeeten ze schafen a mir stinn och fir modern an ugepasste Büroe fir eist Personal a Raim fir Reuniounen. Mir stellen eis allerdéngs d’Fro, ob direkt déi ganz Administratioun een neit Gebai muss kréien, well dat alt eréischt e puer Joer um Bockel huet. Eis Propositioun och alternativ Méiglechkeeten a punkto Faisabilitéit a virun allem Käschtepunkt z’analyséiere gouf knapp zur Kenntnis geholl. Déi selwecht Fuerderung vun der Finanzkommissioun gouf och ignoréiert. Firwat strieft de Schäfferot sech, préiwen ze loossen, ob et z.B. méiglech ass, dat aktuellt Gebai ze vergréisseren oder et nach aner Alternative ginn? Entretemps gouf awer een Architekteconcours fir de Site vun der aler Schoul ausgeschriwwen.

7. RESTAURANT AN HENKES

Mir hunn och net fir ee Restaurant an Henkes gestëmmt a fannen d’Gebai soll esou séier wéi méiglech erëm senger eigentlecher Funktioun als Festsall fir eis Veräiner a Bierger zougefouert ginn. D’Veräiner an d’Bierger si virun ee Fait accompli gesat ginn. Tëscht der Presentatioun vun der Iddi an der Ëmsetzung louche just dräi Wochen. De Kontrakt gouf op 2 Joer an 11 Méint limitéiert, fir esou eng Soumsssioun z’ëmgoen. D’Miwwele goufe schonns geliwwert, ier de Gemengerot säin Accord ginn hat. Besonnesch schlëmm fanne mer awer, dass bei der Aweiung vun Henkes zwee Méint virdrun nach gesot gouf, datt d’Veräiner an d’Leit elo nees d’Säll loune kënnen. Dat war net éierlech. Säit dëser Entscheedung stinn de Conter Bierger an de Conter Veräiner keng Raimlechkeeten méi fir Aktivitéiten am Duerf zur Verfügung.

8. CONTER SCHLASS

2018 huet de Schäfferot zimmlech stënterlech matzen am Duerfkär Deeler vum Conter Schlass, déi der Gemeng gehéieren, ofrappe gelooss. D’Geschicht vun dëse Gebailechkeete kann ouni Problem bis Uganks 16. Joerhonnert retracéiert ginn. Och wann et net méi am beschten Zoustand war hätt op d’mannst en État des Lieux mat Sites et Monuments gemaach misse ginn a gekuckt ginn, wéi een d’Gebai hätt eventuell revaloriséiere kënnen. Haut huet den Entrepreneur säi Material fir de Chantier do leien.

9. POMPJEESBAU

Op eis Fuerderung no engem neie Pompjeesbau krute mer bis elo keng Äntwert, déi eis zefridde stellt. Mir fannen et wichteg, dass de CGDIS modern an adaptéiert Strukture kritt an net méi seng Gefierer a säi Material op dräi verschiddene Plaze muss stockéieren. Am Budget fënnt ee mol net ee Poste fir eng Étude ze maachen.

10. PARKING RÉSIDENTIEL

Prinzipiell ënnerstëtze mir d’Demarche fir d’Parkings- situatioun an eiser Gemeng an de Grëff ze kréien, besonnesch d’Situatioun ëm d’Berufspendler, déi hiren Auto an der Gemeng stationéiert hunn an da mam Bus an d’Stad gefuer sinn. Wéi awer de Parking

résidentiel agefouert gouf hat d’DP, grad esou wéi d’Mobilitéitskommissioun, eng Rei Bedenken um initiale Konzept a Verbesserunge goufe virgeschloen, déi awer net berécksiichtegt goufen. De System war vu vir eran ze komplizéiert an ëmtsändlech. Leider huet et laang gedauert, bis de Schäfferot dat agesinn huet. Och versti mer net firwat dee grousse Parking an der Industriezone tëscht der Tankstell an dem Supermarché, den der Gemeng gehéiert zanter Joeren net fir de Public opgemaach gëtt.

11. REFORM CONTIBUS AN NIGHT-RIDER

D’DP war déi eenzeg Partei, déi sech d’Méi gemaach huet, an een Avis zu dëse wichtege Sujet fir eis Bierger verfasst huet. Emsou si mer erfreet, datt enger Rei vun eise Bedenken zum Contibus Rechnung gedroe gouf

an esou eng bedeitend Verschlechterung vum Service konnt verhënnert ginn, wéi z.B. eng Reduzéierung vun den Zäiten, eng gréisser Reduktioun vum Mindestalter fir kënne matzefueren oder d’Oplo een Certificat médical presentéieren ze mussen, wann ee reegelméisseg Faarte wëll. Mir hunn och d’Aféierung vun enger Night-Rider Kaart fir eis Matbierger ënnerstëtzt. Am Kader vun dësen Diskussiounen hu mir eis Fuerderung op en neits formuléiert, dass de Kréintgeshaff och un den RGTR-Réseau misst ugeschloss ginn. Dëst ass einfach ze realiséieren, andeems een d’Linn 324, déi op d’Sandweiler-Conter Gare a bei d’Luxexpo fiert, ëm een Arrêt verlängert.

12. VERKÉIERSBEROUEGUNGSMOOSSNAMEN AN DER LËTZEBUERGER STROOSS ZU CONTER

Prinzipiell si mir fir Moossnamen déi de Verkéier op eise Stroossen berouegen, mä mir versti bis haut net firwat an enger éischter Phase de Choix op däischter Blummebacke gefall ass, déi ee ganz schlecht gesinn huet an zu enger Rei Accidenter gefouert hunn. Nach manner versti mer firwat no den éischten Accidenter dës Backen net direkt ewech geholl goufen. Souwuel d’DP, wéi och d’Mobilitéitskommissioun hunn dëst gefuerdert. Doduerch hätte weider schwéier Accidenter verhënnert kenne ginn.

13. ZENTRALSCHOUL

D’DP stoung nach ëmmer hannert dem Konzept vun enger Zentralschoul fir d’Conter Gemeng. Waren et dach och hirer Memberen, déi virun iwwer 20 Joer déi néideg Schrëtt ënnerholl hunn, fir ee Site ze fannen an de Projet ëmzesetzen. Eiser Meenung no ass d’Gréisst vun der Schoul an der Maison-Relais an doduerch der Zuel vun de Kanner um Site um Ewent elo un enger ieweschter Grenz ukomm. Mir hätten et begréisst, wa beim Plange vun der neier Vergréisserung och no alternative Site gekuckt an analyséiert gi wier. Verschidde méi kleng Site wiere méi iwwersichtlech a pedagogesch méi wäertvoll. Ee méi familiäert Ëmfeld kéint geschaaf ginn an och de Schülertransport kéint reduzéiert ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp