Contern

Pia Diederich

64 Joer, pensionéiert Educatrice, Méideng

Pia Diederich, 64 Joer, pensionéiert Educatrice an ass zu Méideng opgewuess.
Ech sinn an eiser Conter Gemeng grouss ginn a wëll hei al ginn. Fir dëst ze erméigleche sinn ech säit 25 Joer an der Kommissioun vum 3. Alter täteg. Hei engagéieren ech mech ënner anerem dofir, datt och am Alter jiddereen do wunne bleiwe kann, wou en dat wëll.
De vollen Text gëtt et méi wäit ënnen.

An dëser Gemeng sinn ech grouss ginn, an dëser Gemeng well ech al ginn. Fir dass dëst fir jidderee méiglech a flott ass, sinn ech säit 25 Joer an der Kommissioun vum 3. Alter täteg. Berufflech hunn ech als Educatrice an der Schwäiz an am Service Crèche vun der Stad Lëtzebuerg geschafft.

Meng Zäit verbréngen ech gären domadder ze molen an an d’Natur spadséieren ze goen.

Fir den 3. Alter well ech alles dru setze fir datt hei an der Gemeng déi Eeler Leit d’Méiglechkeet hunn an hirem Ëmfeld ze bleiwen, a virum allem datt dat Doheem a senger Gemeng ka sinn. Dozou gehéiert niewent deenen néidege Servicer och, datt mir een Zesummeliewe vun Al a Jonk duerch gemeinsam Aktivitéiten an Infrastrukturen ënnerstëtzen.

Doriwwer raus ass et mir wichteg, datt de Verkéier an d’Sécherheet an eisen Dierfer besser gereegelt gëtt an datt eis Wanderweeër zB. duerch méi Bänke méi sécher a méi attraktiv ginn.