Contern

Robert Axmann-Reuter

54 Joer, Geschäftsmann, Conter

Robert Axmann-Reuter, 54 Joer, schafft als Geschäftsmann a wunnt säit 26 Joer zu Conter.
Ech si bestuet an hunn dräi Kanner. Meng Fräizäit verbréngen ech ënner anerem mat dem Ziichte vu Straussen op eiser Straussefarm zu Conter a mam Trainéiere vu Jugendequippe beim U.S. Mutfert-Méideng. Dofir leie mir d’Ëmwelt an de Sport an eiser Gemeng um Häerz.
De vollen Text gëtt et méi wäit ënnen.

Ech sinn zu Fenteng zesumme mat engem Brudder an enger Schwëster opgewuess. 1990 hunn ech d’Akerbauschoul als Agrar Techniker ofgeschloss.
1997 hunn ech d’Martine Reuter vu Conter bestuet, dat en landwirtschaftleche Familljebetrib, deen ob Mëllechproduktioun & Straussenzucht spezialiséiert ass, a siwenter Generatioun feiert. Mir hunn zwee Meedercher an e Jong.
Zënter 1997 féieren ech en erfollegräiche Fleesch Grousshandel, d’Firma Artisal & Kern, déi et zanter iwwer 45 Joer gëtt.
A menger Fräizäit ziichten ech Straussen.
Ech sinn och e begeeschterte Skifuerer an an der lokaler Juegd engagéiert. Ech trainéiere säit 10 Joer Jugendequipe vum U.S. Mutfert-Méideng.

Meng Uleies leien am Beräich Ëmweltschutz, Duerfentwécklung (virun allem am Transportsecteur) a Sport an Integratioun.
Mat mengem Hannergrond an Erfarung sinn ech der Meenung, datt ech déi richteg Fäegkeeten an Engagement hunn fir dës Themen an eiser Gemeng unzegoen an d’Gemeng no vir ze bréngen.

Mat sportleche Gréiss äre Robert Axmann-Reuter