Contern

Rose-Marie Arcanger

43 Joer, Direktesch, Éiter

Rose-Marie Arcanger, 43 Joer, schafft als Direktesch bei enger Assurance a wunnt zu Éiter.
Ech si bestuet a Mamm vun zwee Kanner, déi zu Conter an d’Schoul ginn. Virun 20 Joer sinn ech vu Laval op Lëtzebuerg komm, wou ech besonnesch d’Liewensqualitéit an d’multikulturell Zesummeliewe schätzen. D’Educatioun an d’Ekonomie leie mir besonnesch um Häerz.

Ech si bestuet a Mamm vun zwee Kanner, 7 a 5 Joer, déi zu Conter an d’Schoul ginn.

Ech wunnen zu Éiter a säit bal 20 Joer zu Lëtzebuerg.

Als Franséisch-Lëtzebuergerin kommen ech ursprénglech vu Laval am Westfrankräich, enger Regioun ganz änlech wéi Lëtzebuerg. Ech fille mech ganz wuel an der Gemeng Conter a schätze besonnesch d’Liewensqualitéit, déi international a multikulturell Dimensioun.

Nodeem ech zu Paräis a Köln franséisch an däitsch Droit studéiert hunn, hunn ech meng berufflech Carrière zu Lëtzebuerg als Affekot ugefaangen. Spéider gouf ech Juristegen Direkter a schaffen am Moment als Generaldirekter vun enger Liewensversécherung. Ech féieren eng Equipe vu 40 Leit mat Sëtz zu Lëtzebuerg, Däitschland, Italien a Groussbritannien.

Ech si ganz engagéiert a mengem Beruffsliewen an eng iwwerzeegten Europäerin an e passionéierte Verdeedeger vun de Mënscherechter. Ech identifizéiere mech voll mat den Iddien a Wäerter vun der DP.

Ech fannen et ganz wichteg aktiv um lokale Liewe matzemaachen an ech wëll meng Kompetenzen zum Wuel vun der Conter Gemeng asetzen. Ech interesséiere mech besonnesch an de Beräicher vun der Educatioun a vum Geschäft.

Villmools Merci!