Contern

Stellungnam zu dem Ausgang vun de Walen vum 11. Juni

[LU] [DE] [FR] [EN]

Den 11. Juni huet d’DP bei de Walen an der Conter Gemeng ee supert Resultat erziilt. Mat engem Plus vu 7,5% an engem Sëtzgewënn si mir déi eenzeg Partei, déi gestäerkt aus dëse Walen ervir gaangen ass. Fir eist war dëst de klore Message, datt de Wieler sech d’DP an der Verantwortung wënscht a mir Usproch op de Schäfferot haten. Mir waren duerno mat all de Parteien a Kontakt, fir ze kucken, wou déi gemeinsam Linne sinn. Allerdéngs hate mir och ee kloren Walprogramm, un deem mir an de Grondzich wollte festhalen an hunn an där leschter Legislaturperiod probéiert, eng konstruktiv an objektiv Oppositiounsaarbecht ze leeschten.

A Gespréicher mat der CSV huet sech séier gewisen, datt eng Zesummenaarbecht déi nächst 6 Joer schwéier géif ginn. Amplaz vu konstruktive Gespréicher gouf eis Oppositiounspolitik aus deene leschte Jore kritiséiert. Si hu sech deemno entscheet, weiderhin eng Koalitioun mat der LSAP anzegoen.

D’DP Sektioun Conter Gemeng huet an deene leschte Joren eng dynamesch a motivéiert Ekipp opgestallt. Dës wäert déi nächst 6 Joer weiderhin eng engagéiert Oppositiounsaarbecht am Déngscht vun eise Bierger bedreiwen. Dëst mam Zil, weider d’Vertraue vun de Bierger ze kréien an no deenen nächste Walen Deel vum Schäfferot ze sinn. Mir soen all deene Léit Merci, déi eis schonn dës Kéier hiert Vertraue geschenkt hunn a wäerten all eis Energie notzen, fir dëst Vertrauen ze würdegen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp