Léif Biergerinnen,
Léif Bierger,

No bei dir. Mat deem Slogan geet d’DP an d’Gemengewale vum 11. Juni.

Eis 679 Kandidaten a 47 Lëschte setzen sech fir biergerno, nohalteg a liewenswäert Gemengen an. Mir stellen dobäi d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun den Awunner an de Mëttelpunkt.

Zu eise Prioritéite fir d’Gemengewale gehéieren: d’Stäerke vum sozialen Zesummeliewen, den Ausbau vun enger nohalteger Klima- an Ëmweltpolitik, d’Moderniséiere vun der kommunaler Infrastruktur an d’Fërdere vun engem attraktiven Eenzelhandel a vu biergernoen Déngschtleeschtungen.

Eis Partei steet fir eng modern an zukunftsorientéiert Gemengepolitik, déi de Besoine an den Erausfuerderunge vun eiser Zäit gerecht gëtt. Mir sinn No bei dir.

Dofir: Den 11. Juni DP wielen! Lëscht 2.

Biergerbedeelegung

Biergerbedeelegung bei der Planifikatioun an der Gestaltung vu Stad- an Duerfzenteren. D’DP wäert d’Bierger bei der Planifikatioun vun den Zenteren a vun de Stadquartiere matabezéien. D’Zentere sollen erëm belieft ginn (nei ugepasste Verkéiersorganisatioun, Adaptatioun vun den ëffentleche Plazen, Fouss- a Vëlosweeër, Vernetzung mam Zentrum, Fërderung vun der doucer Mobilitéit, Protectioun an Erhalt vu markanten Strukturen an Infrastrukturen,…).

Eng Gemeng mat engem oppenen Ouer. Transparenz an Accessibilitéit vum Buergermeeschter a vum Schäfferot vis-à-vis vun de Bierger sinn essentiel. Mir wäerte reegelméisseg Biergerspriechstonnen a -versammlungen aféieren, an deenen d’Bierger kënnen hir Suergen, Problemer a Virschléi ënnerbreeden. Mir stelle sécher, datt all Propose a kuerzer Zäit vun der Verwaltung professionell gekuckt gëtt.

Biergerparticipatioun ausbauen. Als DP wëlle mir d’Biergerbedeelegung weider fërderen an domadder déi participativ Demokratie stäerken. An deem Sënn sollen d’Bierger nei Projete virschloen an doriwwer mat de Gemengeresponsabelen diskutéiere kënnen. All Awunner kënnen an hirem Numm, als Kollektiv oder als Veräin e Projet areechen, dee graff gesot, zur Verschéinerung an zur Verbesserung vum Liewen an de Gemenge bäidroe soll.

Commercen & accessibel Servicer

D’Santé publique an de Gemengen. Doktesch-Cabinete sinn op ville Plazen d’Basis vun enger ambulanter, flächendeckender, héichwäerteger a biergernoer Gesondheetsversuergung. Dat betrëfft besonnesch d’Gemengen iwwer Land. D’DP wäert dofir Mesuren aféieren, fir datt sech méi Generalisten an och Spezialisten an deene Gemengen néierloossen.

Duerfcafé/Duerfepicerie a Kooperatioun mat engem Veräin/enger Genosseschaft. Besonnesch a méi klengen Uertschaften ass d’Iwwerliewe vun engem klasseschen Duerfcafé oder enger Epicerie eng grouss Erausfuerderung. Ëmmer méi vun deene fréiere Mëttelpunkte vum Duerfliewe verschwannen. Als DP wäerte mir interesséiert Gruppen oder Veräiner dobäi ënnerstëtzen, fir hinnen esou ëffentlech Plazen zougänglech ze maachen, wou si sech treffe kënnen. Esou EegenInitiativen  beliewenn et nëmmen d’Stad- an Duerfliewen, mee stäerken de sozialen Zesummenhalt a fërderend’Zesummeliewen.

D’Zil vun der DP ass eng digital, biergerno an transparent Gemeng. D’DP wäert d’Potenzial vun der Digitaliséierung benotzen an de Progrès an den Déngscht vun de Bierger stellen. Als DP wëlle mir d’Konzept vun der Smart-City wieder undreiwen an d’Potenzial vun enger vernetzter Stad ganz ëmsetzen. All Gemeng sollt dowéinst ee Schäffen hunn, dee sech ëm d’Digitaliséierung këmmert. D’DP steet fir eng wäitsiichteg Finanzpolitik an däer d’Finanze mëttelfristeg geplangt ginn.

E-Verwaltung ausbauen. An de leschte Joren ass scho vill geschitt, fir datt déi meescht administrativ Demanden un d’Gemenge kënnen online gemaach ginn. D’DP wäert déi digital Administratioun weider a méi séier ausbauen an iwwerall méiglech maachen. Doriwwer eraus soll all Zort vun net-perséinlechen, administrativen Dokumenter a vu politeschen Decisioune kënnen op der Internetsäit vun der Gemeng  ofgeruff ginn. Weider sollen all Paiementer (Rechnungen, Steiertimberen, asw.) kënne mat der Kreditkaart oder mat enger Mobile-payment-App méiglech sinn.

Erhalt vum Eenzelhandel. D’DP setzt sech dofir an, datt de Wee zu essenziellen Akeef a Servicer fir de Bierger esou kuerz ewéi méiglech bleift. Mir wäerten eis weider fir den Erhalt vum Eenzelhandel an den Uertschaften asetzen. Wou dat net méiglech ass, wäerte mir eis am Dialog fir den Ausbau vun alternative Modeller asetzen (mobil Filialen, ambulante Verkaf).

Ambulant Vente fërderen. D’DP wëll den ambulante Verkaf an de Gemengen iwwer Land ënnerstëtzen. Zemol eeler Leit sinn op esou mobil Liewensmëttelgeschäfter ugewisen (Bäcker, Metzler oder och Pizza-Automaten).

Coworking spaces ausbauen. Coworking spaces gëllen als Plaze mat engem héije Potenzial un Innovatioun a ginn als Alternativ zum Homeoffice oder zur klassescher Aarbechtsplaz ëmmer méi wichteg. Besonnesch well een esou de Pendlertraffic ka reduzéieren. D’DP wëll d’Potenzial vun dëser neier Form vum Zesummeschaffen ausnotzen an ausbauen.

Kanner & Jugend

D’Betreiungsariichtungen ausbauen an hir Multitude stäerken. D’DP wäert d’Offer vun de Plazen an de Kannerbetreiungsstrukturen de Besoinen no ausbauen an esou garantéieren, datt all Kand ka vun der non-formaler Bildungsoffer profitéieren. Dobäi leeë mir extra vill Wäert op d’Villfalt vun de Bedreiwer vu de Strukturen an op déi verschidde pädagogesch Schwéierpunkten (Bëschcrèche, Kannerbetreiung um Bauerenhaff, asw.).

De Precoce ausbauen. D’DP wëll d’Offer am Precoce esou ausbauen, datt all Kanner kënnen – jee no Besoin – bis zu 28 Stonnen d’Woch dovunner profitéieren. An engems wëll d’DP garantéieren, datt all Kand aus dem Precoce – wann néideg – eng Plaz an der Maison relais kritt.

Villfälteg, inklusiv a faarweg Spillplazen. D’DP wëll méi ewéi langweileg Sandkëschten a Schaukelen. Mir wëllen ofwiesslungsräich, inklusiv an adaptéiert Spillplazen an alle Quartieren, op deenen eis Kanner sech kënnen defouléieren a fräi entfalen.

Baby- an Elterebetreiung. D’DP setzt sech fir e Guichet d’acceuil an de

Crèchen an den Entreprisen an an den Aktivitéitszonen. Bei enger entspriechender Nofro, wäert d’DP Betriber ënnerstëtzen, déi hirem Personal wëllen eng intern Crèche ubidden. An deem Sënn fërdere mir och Crèchen an de Zones d’activité.

D’Koordinatioun tëschent de Schoulen, de Betreiungsstrukturen an den Hobbyen. Eng kohärent Zesummenaarbecht tëschent de Schoulen, de Maison-relaisen, de Museksschoulen a soss Fräizäitbeschäftegungen ass elementar – besonnesch wann e Kand daagsiwwer vu verschidde Leit betreit gëtt. D’DP wëll, datt d’Offere vun all den Acteure besser openaner ofgestëmmt ginn. Esou kënnen d’Kanner vun enger villfälteger Fräizäitoffer profitéieren, déi hirer perséinlecher Entwécklung zeguttkënnt.

Logement

Bei der Bekämpfung vun der Wunnengskris huet d’ëffentlech Hand eng besonnesch Responsabilitéit, och d’Gemengen.

Bezuelbare Wunnraum schafen. D’DP wëll de soziale Wunnengsbau ausbauen. De geschafene Wunnraum an d’Terrainen an ëffentlecher Hand sollen an éischter Linn jonke Familljen a Stéit iwwert de Wee vun Ierfpacht oder Locatioun zegutt kommen.

Terraine mobiliséieren a Wunnprojeten ëmsetzen. Amplaz Gemengenterraine brooch leien ze loossen, wëll d’DP se séier mobiliséieren, fir kuerzfristeg bezuelbare Wunnraum ze schafen. En Deel vun dësen Terraine soll Baukooperativen per Ierfpacht zur Verfügung gestallt ginn. An esou Baugenossenschafte sinn alleguerten d’Awunner an engems Proprietairen a kënnen esou matbestëmmen, wat an hirem Wunnkomplex geschitt. Esou Genossenschafte si net profit-orientéiert a erhéijen déi sozial Mixitéit a bestoende Wunnquartieren.

Alternativ Wunnforme fërderen. D’DP wäert d’Bautereglementer an de Gemengen upassen, fir alternativ Wunnformen, ewéi Wunngemeinschaften oder de Bau vun Tiny houses z’erméiglechen.

Mobilitéit

Verkéiersberouegt Spillstroossen. D’DP setzt sech fir verkéiersberouegt Spillstroossen an. Net just an den neie Lotissementer ma och am Zentrum vun den Uertschaften.

D’DP setzt sech fir eng modern Verkéierspolitik an, déi de Bierger eng gutt Liewensqualitéit bitt. De Schlëssel dozou läit an engem pragmateschen an vernetzte Mobilitéitskonzept, dat op déi individuell Bedierfnesser vum Bierger ugepasst ass an hinnen déi néideg Fräiheet an Flexibilitéit gëtt, fir séier a zouverlässeg vun A op B ze kommen. D’Stäerkung vum ëffentlechen Transport, souwéi de konsequenten Ausbau vu getrennte Fouss- a Vëlosweeër schafen d’Viraussetzunge fir eng adaptéiert mobilité douce.

Verkéiersentwécklungsplang. Fir d’Gemengen a Saache Mobilitéit fit fir d’Zukunft ze maachen, soll e Verkéiersentwécklungsplang ausgeschafft ginn. Dës laangfristeg Strategie wäert an Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus der Mobilitéit a mat de Bierger geschéien.

Elektromobilitéit fërderen. Fir dem Bierger de Wiessel op déi emissiounsfräi Mobilitéit z’erliichteren, wäert d’DP dofir suergen, datt op allen ëffentleche Parkingen an an der Géigend vu Geschäfter méiglechst genuch Elektro-Bornen disponibel sinn.

Vëlosboxen a Vëlosparkplazen. Zur Fërderung vun der aktiver Mobilitéit gehéieren och nei Vëlosboxen a Vëlosparkplazen am ëffentleche Raum an a Schaff- a Wunngebidder. Grad ewéi d’Installatioun vu sougenannte Vëlosatelieren / Bikestations. An Zesummenaarbecht mat Nopeschgemenge wëll d’DP och e Locatiounssystem fir Vëloen, fir Cargo-Vëloen, respektiv E-Trottinetten aféieren oder d’Offer ausbauen. Vëlosboxe sollen op Transitgaren kommen.

Den ëffentlechen Transport nuets méi attraktiv maachen. Besonnesch am Nuetsliewen ass den Auto dacks onëmgänglech. D’DP wäert d’Offer u Nuetsbussen an -zich ausbauen. Zousätzlech wëll d’DP d’Aféierung vu Shuttelbussen a vu Garen iwwerpréiwen.

Verkéiersberouegung an eisen Uertschaften / Shared spaces. D’DP wäert sech onermiddlech dofir asetzen, datt dréngend noutwenneg Ëmgeeungsstroosse méiglechst séier gebaut ginn, fir den Duerchgangsverkéier beschtméiglech aus den Dierfer an aus de Stied erauszehalen. Domadder kënne mir de Kär vun eisen Uertschaften duerch d’Aféiere vu Shared spaces méi mënschefrëndlech a méi lieweg gestalten. Bis déi Ëmgeeungsstroosse gebaut sinn, wäert d’DP op verkéiersberouegend Mesuren zeréckgräifen, ewéi Verkéiersinselen, Fuerbunndeeler a Fuerbunnerhéijungen – zemol op sensibele Plazen an an den Entréeë vun de Gemengen.

Barrièrefräiheet garantéieren. D’DP setzt sech dofir an, datt all Busarrêten a soss Verkéiersinfrastrukturen esou séier ewéi méiglech barrièrefräi ginn, fir datt Leit mat enger kierperlecher Behënnerung kënnen ouni Problem den ëffentlechen Transport huelen.

Nohaltegkeet

D’DP wëll de Klimaschutz op lokalem Niveau konsequent stäerken. D’DP setzt sech als mëttelfristegt Zil fir d’Gemeng komplett klimanutral ze gestalten. Mir wëllen déi erneierbar Energien ausbauen, Gemengegebaier energetesch sanéieren an d’Energieeffizienz steigeren. An deem Zesummenhang mécht d’DP sech fir e spuersamen Ëmgang mat eise natierleche Ressourcë staark, a wäert d’Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft respektéieren.

Greening vun der Gemeng. D’Klimakris ass en Challenge fir eis Stied an Dierfer. Eng adaptéiert Beplanzung hëlleft besonnesch am Summer fir d’Temperaturen am ëffentleche Raum ze reduzéieren an esou d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren. D’DP wäert – do, wou et méiglech ass –  hëllefen, fir Gebaier a Diecher ze beplanzen.

Parrainage fir ëffentlech Gréngflächen a Infrastrukturen. D’DP wëll ëffentlech Gréngflächen an Infrastruktur fir Patenschaften opmaachen. Engersäits sollen d’Bierger, Schoulen oder Betriber d’Méiglechkeet kréien, fir sech éierenamtlech ëm d’Beplanzung an d’Fleeg vu Gemeinschaftsgäert, Blummebeeter, Planzebacken, asw. ze bekëmmeren. Anerersäits sollen z.B. Entreprise kënne Parrainage vun Infrastrukturen (ë.a. Drénkwaasserspender) iwwerhuelen.

Ausbau vu klimaneutraler Stroumversuergung. D’DP wëll d’Méiglechkeete fir d’Produktioun vun erneierbaren Energien an der Gemeng voll ausnotzen. All ëffentlech Gebaier (Gemeng, Schoul, Sportshal, asw.) sollen esou séier ewéi méiglech mat lokal produzéiertem Stroum versuergt ginn. Mir wäerten dofir d’Installatioun an d’Notzung vu Photovoltaik-Anlagen op den Diech vu Gemengegebaier konsequent ausbauen. D’Iwwerproduktioun kéint eventuell verkaf an an d’Stroumnetz agespeist ginn. Weider ënnerstëtze mir grondsätzlech Partnerschafte mat lokalen a regionale Energiekooperativen, déi den energeetesche Wiessel virundreiwen.

Fuhrpark moderniséieren. D’DP setzt an de Gemengen op e klimaneutralen Transport a wäert den ëffentleche Fuhrpark schrëttweis op CO2-neutral Gefierer ëmstellen.

Energieberodung. Zousätzlech zu den nationale Berodungszenteren, ewéi der Klimaagence, wäert d’DP och op lokalem Niveau d’Berodungsoffere fir privat Stéit a fir Betriber ausbauen. Duerch Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne soll iwwerdeems och d’Gemengepersonal zum Energiespueren animéiert ginn

Méi op Reewaasser zeréckgräifen. Och Lëtzebuerg leit ëmmer méi ënner Waassermanktem. Bei Sanéierungen a beim Neibau vu kommunalen Ariichtunge wëlle mir dofir Systemer fir d’Opfänke vu Reewaasser aplangen, dat da fir d’Sanitäranlage gebraucht gëtt. D’DP ënnerstëtzt d’Konzept vum Modell Sponge city, bei deem d’Reewaasser lokal opgefaangen a gespäichert gëtt, amplaz datt et just kanaliséiert an oflafe gelooss gëtt. Esou kënnen ë.a. och d’Beem am ëffentleche Raum bewässert ginn.

Sécherheet

Méi Streetworker. An de leschte Joren huet sech d’Aarbecht vun de Streetworker bezuelt gemaach, fir SDF’en, Drogekranker a Prostituéierte geziilt ze hëllefen. Net nëmmen d’Zuel vun de Streetworker, ma och hir Mëttel sollen erhéicht ginn.

Kommunal Police. D’DP wäert sech dofir asetze fir erëm eng kommunal Police anzeféieren.

Zesummeliewen

Mir setzen op eng zukunftsorientéiert Politik a setzen eis dofir an, de Bedierfnesser vu vun alle Generatioune gerecht ze ginn. D’aktiv Bedeelegung vu Kanner a Jugendleche wäerte mir duerch altersgerecht Formater ënnerstëtzen. D’Liewenserfarung vun de Seniore beräicheren eis Gemengen. D’DP wäert d’Viraussetzunge schafen, fir den eelere Mattbierger e selwerbestëmmten a liewenswäert Liewen an hirem eegene Doheem z’erméiglechen.

Mir wëllen dat interkulturellt Zesummeliewe weider fërderen an nei Residenten motivéieren, sech aktiv um Gemengeliewen ze bedeelegen. Dowéinst wäerte mir de Benevolat, de Sport an d’Kultur weider aktiv ënnerstëtzen.

Mir wäerten eis dofir fir e staarkt Matenaner vun de Generatiounen asetzen. Mir leeën dobäi extra vill Wäert op seniore-gerecht Infrastrukturen a Fräizäit-Offeren. Grad ewéi op eng grouss Palett u Servicer a Geschäfter no bei de Leit. Et ass och wichteg, fir den eelere Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir u gesellschaftlechen Evenementer deelzehuelen.

Digitale Rattrapage. Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verléieren, sollen d’Gemenge Coursen ubidden, fir déi Leit fit ze maache fir déi digital Welt.

Tiers-Lieux. D’DP wëll an all Gemeng flott Plaze schafen, fir d’Zesummeliewen an den Echange tëschent de Generatiounen ze fërderen. Dozou gehéieren Plaze bannen, ma och Gréngflächen an aktiv Fräizäitaktivitéite fir jiddereen (Boule, Dëschtennis, asw.).

Gemengefoire (Municipality fair). D’DP wëll Gemengefoiren organiséieren, wou sech Veräiner, Associatiounen a Verwaltunge kënnen den (neie) Bierger virstellen. D’Leit kënnen sech esou direkt iwwer d’Veräiner a Servicer informéieren an aschreiwen. Och Wëllkomm-Päck fir déi nei Bierger kënnen d’Aliewen an d’Gemeng méi einfach maachen.

Inklusiv Kommunikatioun. Eng ugepassten an informativ Kommunikatioun ass d’Essenz vun engem gudden Zesummeliewen. D’Gemeng setzt sech dofir an, datt all Bierger Accès zu all den Informatiounen aus der Gemeng huet – dat gëllt fir den normale Courrier, ma och fir den online Kontakt mat all den Administratiounen. D’Sprooch gëtt de Besoine vun de Matbierger ugepasst (Leichte Sprache, Gebäerdesprooch, Friemsproochen,…).

Lëtzebuergesch-Coursen. D’Lëtzebuerger Sprooch dréit duerch seng Roll an der Integratioun an am Alldag wesentlech zur sozialer Kohäsioun am Land bäi. D’DP wäert d’Offer u Lëtzebuergesch-Course jee no Bedarf ausbauen

D’Diversifikatioun an der Kommunikatioun weiderentwéckelen. Als DP setze mir eis weider fir eng modern, digital, inklusiv, interaktiv an zilorientéiert Kommunikatioun an de Gemengen an. Jiddereen, dee sech informéiere wëll, muss och méiglechst séier Accès zu all den Neiegkeeten hunn. Als DP wëlle mir all Kommunikatiounsforme fërderen (SMS2Citizen, Newsletter, sozial Medien, Homepage, Gemengen- an Noperschafts-App) an un déi digital Ufuerderungen adaptéieren.