Jonglënster

DP setzt sech weider mat Nodrock dofir an dass d’Héichspannungsleitung duerch ons Gemeng sou weit wéi méiglech vun de Wunnhaiser ewech kënnt.

Säitdeem de Projet public ass, gëtt enk mat de verschiddene Biergerinitiativen a Bierger zesumme geschafft.
Transparenz a Solidaritéit sinn an dësem Dossier di 2 wichtegst Bestanddeeler.

DP, virop mam Christiane Degraux, ass säit Méint onermiddlech am Asaz fir op allen Niveauen sech fir d’Awunner anzesetzen.
D’Biergerinitiative krut op verschidden Nofroen immens enttäuschende Feedback vum Ëmwelt- & Gesondheets Ministère.

D’Problematik vun der Distanz gëtt do ënnerschat.

Mat engem Bréif un d’Madamm Minister Paulette Lenert an dem Premierminister Xavier Bettel ass probéiert ginn op Gehéier a Versteesdemech ze stoussen. Dat ass geschitt, eng Entrevue tëschent den Acteuren wäert héchstwarscheinlech stattfannen.

Mir sinn iwwerzeegt dass mir eng Léisung an deem Dossier fannen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp