Ech wollt op de Facebook-Post vun der CSV reagéieren, wou si behaapten, et wier hiren Asaz, dass eng Zone 30 ronderëm d’Schoulgebaier zu Maacher endlech Realitéit gëtt. Am Text ënner hirem Post steet:
„Tempo 30 bei der Primärschoul gëtt endlech Realitéit! Den Asaz vun der CSV Maacher huet sech gelount!“
Am Video erkläert d’Madame Bourgermeeschtesch:
„Ech stinn hei an eisem schéine Schoulhaff virun eiser Grondschoul. Hanneru mir ass eng Strooss, déi ganz vill befuer ass a quesch duerch Maacher geet, si leeft ënner anerem och laanscht eis nei Busgare. D’CSV Maacher setzt sech zënter Joren an, dass dës Strooss soll an dëser Géigend verkéiersberouegt ginn. Net méi spéit wéi de 15. September, also fir de Schoulufank, krute mer den Accord de principe vun der Ministesch a vum Aarbechtsgrupp, fir eng Zone 30 ronderëm eis Schoulgebaier ze maachen.“
Ech muss zouginn, ech war iwwerrascht, wéi ech dës Ausso esou héieren hunn. Well d’Realitéit a mengen Aan e bësschen anescht ass:
- De 4. Februar 2016 (a menger alleréischter Fro am Gemengerot) hunn ech nogefrot, ob eng Prozedur fir eng Zone 30 ronderëm d’Schoul amgaang wier. D’Äntwert war deemools: Gespréicher missten nach gefouert ginn, an et wir nach verschidden technesch Upassunge néideg. Op meng Nofro, ob d’Centenaire-Strooss dobäi wier, krut ech e kloere Nee, well se duerch d’Luuchten genuch gereegelt wier.
- Den 13. Januar 2023, also bal 7 Joer méi spéit, hunn ech erëm an der Strooss, op déi geféierlech Kräizung Weckerstrooss / Rue des Tanneurs higewisen. Do huet den Här Yves Christen gesot, d’Gemeng hätt scho viru 6 Méint eng Demande fir eng Zone 30 ronderem d‘Schoul gemaach, mee d’Äntwert wier nach net zeréck. Ech hunn deemools proposéiert, d’Zone 30 bis bei d‘Altersheem auszebauen. D’Madame Cognioul huet gefrot, ob d’Centenaire-Strooss net misst dobäi kommen, an de Schäffe Marc Krier war fir eng Zone 30 bis bei d’Rue de Luxembourg.
- Den 1. Mäerz 2024 huet d’Madame Hermes confirméiert, dass eng Zone 30 bei der Grondschoul soll kommen an eng nei Demande agereecht gëtt.
- Am Gemengerot vum 19. Abrëll 2024 huet den Här Christen detailléiert erkläert: déi éischt Geneemegung – vun der Rue des Tanneurs bis Rue Frantz Seimetz – war zwar am Ufank accordéiert, mee dono nees zeréckgezu ginn. Duerno huet d’Gemeng d’Info kritt, dass eng Zone 30 just nach tëscht der Rue Ste-Catherine an der Rue Frantz Seimetz méiglech wier. Well mëttlerweil nei staatlech Richtlinnen agefouert goufen, huet d’Gemeng eng nei Demande gemaach: vun der Kräizung Rue de Luxembourg bis bei d’Kräizung Rue de Trèves / Gare routière. An där selwechter Sëtzung huet d’Buergermeeschtesch och eng Aarbechtssëtzung proposéiert, nodeems de Metty Scholtes d’Iddi hat, d’Zone 30 bis bei de Rond-Point Kulturhuef auszebauen.
De 17. September, also net ganz direkt, huet d’Monique eis iwwer de WhatsApp-Chat informéiert, dass et den accord de principe gëtt, fir op der N1 am Beräich vun der Schoul eng 30er-Zone anzeféieren. Si huet awer dobäi gesot, dass d’Prozedur nach hire Wee misst goen.
D’Iddi an d’Fuerderung fir eng Zone 30 ronderëm d’Schoul besteet also net „zënter Joren duerch den Asaz vun der CSV“, mä gouf schonn 2016 am Gemengerot vun DP-Säit aus op d’Dagesuerdnung gesat, an ëmmer nees nogefrot an thematiséiert. D’Geschicht ass also e bësse méi laang a méi komplex wéi et am Facebook-Post duergestallt gëtt.
Froen
– Sollt d’Diskussioun iwwer eng 30er-Zone net fir d’éischt am Gemengerot gefouert ginn, éier d‘Informatiounen un d’Bierger ginn? Ech erënnere mech nämlech un e Facebook-Post vun Ufank Mäerz 2023, wou mat Skizzen eng 30er-Zone gewisen gouf, wéi se deemools virgesinn war – obwuel dës Variant dono zeréckgezunn gouf.
– Wat fir Stroossen sinn elo am Endeffekt an der Zone 30, ronderem Grondschoul, zeréckbehalen ginn?
– D’Monique huet beim Punkt Informatioune vum Schäfferot gesot, d’30er-Zone géif vun der Kuschegässel bis bei d’Weckerstrooss goen. Dat entsprécht jo ongeféier der Variant 2, déi schonn 2023 vum Ministère zeréckbehalen gouf. Wann dat esou ass: Firwat ass d’Demande fir d’Variant vun der Kräizung Rue de Luxembourg bis bei d’Kräizung Rue de Trèves / Gare routière – déi den neie staatleche Richtlinnen entsprécht an déi mir den 19. Abrëll 2024 als Info kruten – net zeréckbehalen ginn?
– Ass eng Aarbechtssëtzung virgesinn? Oder ass dat elo schonn erëm ze spéit?
– Firwat ass déi éischt Geneemegung (Rue des Tanneurs, Haus n° 5 bis Rue Frantz Seimetz), déi och schonn an engem Post op Facebook ugekënnegt gi war, zeréckgezu ginn?
– Wéini ka realistesch mat der Ëmsetzung vun der 30er-Zone gerechent ginn, a wéi gesäit déi weider Prozedur konkret aus?
– Gëtt et eng gesamt Iwwersiicht iwwer all d’Stroossen aus der Gemeng, déi no deene neie staatleche Richtlinnen a Fro komme fir eng 30er-Zone? Ech erënneren drun, dass am Budget 2024 dofir ee Posten virgesinn war.
– Am Facebook-Post vun der CSV gëtt behaapt, den Asaz wier hirer Partei ze verdanken. Misst een dat net éischter als Resultat vum Asaz vun der ganzer Gemeng verstoen?
– Wéi steet de Koalitiounspartner déi gréng, besonnesch de Schäffe Marc Krier, zu där Aart vu Kommunikatioun? Ass dat intern ofgeschwat ginn?
– Zanter 2016 gouf gesot, d’Centenaire-Strooss wier duerch d’Luuchten genuch gereegelt an misst net an eng 30er-Zone abezunn ginn. Wéi koum et zu där Positiounsännerung?