Positioun vun der DP Maacher betreffend dem Ausbau vun den Tanken am Gemengerot vum 30. Oktober 2026

NEE! zum Ausbau vun den Tanken!

JO! zur Liewensqualitéit fir d’Bierger!

Éier mir vum Ausbau vun den Tanken schwätzen, ass et eis wichteg, dass och dovu geschwat gëtt, dass déi bestoend Tankanlagen am Hafe vu Mäertert deelweis viru ville Joerzéngte gebaut goufen. Dofir stellt sech berechtegt d’Fro, ob hir technesch Ausriichtung an hir Sécherheetskonzepter nach dem aktuellen Stand vun der Technik entspriechen. Schonn an der Vergaangenheet si Sécherheetsbedenken am Zesummenhang mat dësen Anlagen opkomm.

Dës Fro däerf net onbeäntwert bleiwen. Et muss transparent gekläert ginn, a wéi engem Zoustand sech déi bestoend Anlagen an Infrastrukturen befannen, wéi eng Sécherheetsmoossnamen aktuell bestinn a wou néideg Moderniséierungen duerchgefouert musse ginn, fir den haitege Sécherheetsstandarden gerecht ze ginn.

D’Sécherheet vun de Bierger däerf net als Formalitéit behandelt ginn. Si muss eng zentral Viraussetzung fir all Entscheedung an dësem Dossier sinn.

D’Lag vun esou enger Infrastruktur ass net nëmmen eng technesch oder wirtschaftlech Fro. Si betrëfft och direkt d’Liewensqualitéit an d’Sécherheetsgefill vun de Leit, déi an der Géigend wunnen. Déi nei geplangten an iwwerdimensionéiert Tanke réckelen nach méi no un d’Stad Gréiwemaacher an hir Awunner. Si grenzen un den Terrain vun der Kläranlag. Dobäi gëtt net berécksiichtegt, datt d’Kläranlag an de kommende Joren, falls néideg, ëm eng véiert Klärstuf misst erweidert ginn. Dës Entwécklung ass op laang Siicht net auszeschléissen.

De Lëtzebuerger Staat investéiert gläichzäiteg massiv an d’Energietransitioun an encouragéiert d’Bierger, op méi klimafrëndlech Energiequellen ëmzeklammen. Wärmepompele ersetzen no an no Mazoutsheizungen, d’Elektromobilitéit gewënnt ëmmer méi u Bedeitung an d’Energieeffizienz soll an de kommende Jore weider verbessert ginn.

Gläichzäiteg soll d’Kapazitéit vum Tanklager am Hafe vu Mäertert däitlech ausgebaut ginn.

No eisen Informatioune gëtt aus Regierungskreeser gesot, datt déi bestoend Lagerkapazitéite fir Lëtzebuerg duerginn. Dofir ass et wichteg, datt och eis national Politik an dësem Dossier kloer Positioun bezitt an hir Siicht op dës Entwécklung erkläert.

Wann de Staat gläichzäiteg op eng Reduktioun vum Verbrauch vu fossillen Energien setzt, stellt sech d’Fro, firwat eng substantiell Erweiderung vun de Lagerkapazitéite fir Pëtrolsproduite néideg soll sinn.

D’Bevëlkerung soll a muss an Zukunft nach vill méi staark mat agebonne ginn, a wann et noutwenneg ass, och esou wéi dat schonn am Joer 2015 de Fall war.

Mir als DP Gréiwemaacher stinn weiderhin géint den Ausbau vun den Tanklageren an et ass wichteg, datt mir an dësem Punkt mat allen hei vertruedene Parteien a Memberen eens sinn.

D’Sécherheet vun eiser Bevëlkerung, d’Liewensqualitéit vun eisen Awunner an de Leit aus der Regioun, de Schutz vun eiser Ëmwelt an d’Zukunft vun eiser Stad mussen am Mëttelpunkt vun allen Iwwerleeunge stoen.


Sertznig Claire, Frieden Patrick, Wagner Claude

D’Sécherheet vun eiser Bevëlkerung, d’Liewensqualitéit vun eisen Awunner an de Leit aus der Regioun, de Schutz vun eiser Ëmwelt an d’Zukunft vun eiser Stad mussen am Mëttelpunkt vun allen Iwwerleeunge stoen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp