Gréiwemaacher

Ech hat am leschte Gemengerot gelueft, am haitege Gemengerot musse mir eis awer enttäuscht weisen iwwert dat betreffen Taxe Reglement wat Haut um Ordre du jour steet.

Fir d’éischt awer mol e puer Erklärunge fir ze verstoe firwat mir enttäuscht sinn.

Den 23.11.21 war eng Aarbechtssitzung vum ganze Gemengerot wou mir vun enger Beroderfirma Erklärunge betreffend den elektroneschen Identifikatiounssystem fir Poubellë kruten.

An der dëser Aarbechtssitzung hu mir ënnert anerem follgend Erkläert kritt:

Mir si fir de Prinzip vum Pollueur/Payeur awer géint den Inhalt an d’Aart a Weis wéi dëst Reglement zustan komm ass.

  • Dat all Poubellë gechippt gëtt
  • Dat et géif eng Testphase ginn an dann evoluéiert ginn.
    • Op mir op de Wee gi vum erausstelle vun der Poubelle
    • Oder op et op Gewiicht gekuckt gëtt

Hei ze vermierken dat mir bis Dato trotz nofroe keng Resultater vun dëser Testphase kritt hunn, respektiven net driwwer debattéiert ginn ass op wéi e System et elo erausleeft.

  • Et gouf erkläert dat de Präis maximal 10% mei deir gëtt wei zu dem Moment.
  • Et sollt e Simulatiounsrechner um Site ageriicht ginn, gouf deen ageriicht? Wann jo wou?
  • Dat eng ganz Rei Gemenge scho mat esou engem System ageriicht sinn.
  • Des Weideren war et an dëser Sitzung scho vu jidderengem vill Froe gestallt ginn.
  • Et ass eis do och versprach ginn dat nach eng weider Aarbechtssitzung géif gemaach gi mat den Zuelen déi bis dohinner gesammelt gi wieren, fir eng Entscheedung ze huelen op wéi ee System d’Gemeng goe géif. Wat awer bis Dato net geschitt ass.

Mir sinn eis bewosst dat Gesetz Pollueur/Payeur gëtt an een och soll Trennen vum Dreck fërderen, fir dat all Haushalt esou mann wéi méiglech an déi schwaarz Poubelle geheit.

Dat neit Reglement

Wa mir dat neit Reglement richteg verstanen hunn, da bezuelt een elo ee fixen Tarif + ee variabelen Tarif, also wéi dacks een seng Dreckskëscht eraus setzt an da kënnt nach den Tarif fir all KG dobäi deen een eraus setz. D’Leit hunn hei keng Chance och nëmmen ee Su ze spuere falls si net vill Dreck an Dreckskëscht geheien.

Beispill bei enger Dréckskëscht vun 120 Liter:

Am Moment bezuelt een dofir 348 Euro d’joer.

Dem neie Reglement no bezilt een an Zukunft:

225 Euro fir de fixen Tarif + wann ech all Woch meng Dreckskëscht eraus setze kascht dat 457,6 Euro an da kënnt nach den eigentleche Präis vum Pollueur/Payeur dobäi, also bezuelen op de KG vum Dreck. Ouni deen Dreck géif ech awer scho bei 682,6 Euro leien also ouni ee Gramm Dreck scho bei enger Quasi verduebelen vum Präis. Wann ech dann och nach ee Stot mat zwee Kanner huelen déi d’Joer, ech erfannen elo eng Zuele, 360 KG* dréck produzéiere, wat knapp 7 KG d’Woch wieren, da kommen nach eng kéier 108 Euro dobäi. Also knapp 800 Euro fir dee Stot pro Joer.

Dat hei ass kee Prinzip Pollueur/Payeur, e Bierger deen seng Dreckskëscht all Woch raussetzt a wéineg Dreck dra gehäit muss méi bezuelen obwuel e vläicht manner Dreck mécht wéi bis elo.

Een anert Beispill: Mat de selwechte Litere vun Dreckskëscht. Wat däerf ech maache wann ech net méi wéi 348 Euro probéiere fir den Dreck auszeginn?

225 fir de fixen Tarif bleiwen + setzen ech dann 1x de Mount meng Dreckskëscht eraus also kommen 105,6 Euro dobäi, dann däerf ech maximal 58 KG Dreck dat ganz Joer an Dreckskëscht geheien. Bei engem Stot mat zwee Kanner wieren dat 14,5 op de Kapp pro Joer.

Mir hätten nach eng ganz Rei Froe gehat respektiv Ureegungen zu dësem Reglement

  • Gëtt elo gezielt wéi oft Poubelle eraus gestallt gëtt
  • Gëtt elo just Gewiicht kontrolléiert
  • Gëtt béides gekuckt
  • Kënnen Matbierger an Zukunft iwwert en Onlinetool, iwwer App oder de Site, zu all Zäit agesinn wéi vill Dreck Sie gemaach hunn, wei zBsb beim Handy wou een och a Realtime kucke ka wéi vill Daten en aktuell verbraucht huet.
  • Gëtt fir jonk Famillje mat klenge Kanner (Problem Pamperssen) eng extra Taxe agefouert, wéi et dat och an anere Gemenge gëtt.

a nach vill aner Froen wou mir bis elo keng Äntwert kritt hunn.

Dann nach dat hei:

An der Finanzkommissioun war d’Fro opkomm bevir Taxe-Reglement an de Gemengerot kënnt dat Finanzkommissioun kéint zesummekomme fir doriwwer ze diskutéieren an eventuell Iddie kéint abréngen, dëst ass laut Rapport vun der Sitzung vun der Buergermeeschtesch accordéiert ginn, och dëst ass awer ni geschitt.

Ass Thema och an der Ëmweltkommissioun beschwat ginn?

Mir si géint den Inhalt an d’Aart a Weis wéi dëst Reglement zustan komm ass.

Bei dësem Reglement hätte mir awer gäre matgeschwat fir dëst Taxe Reglement auszeschaffe well et iis och wichteg ass an d’Bierger méi déif an Täsch gräifen mussen.

D’Reglement ass mat 6 Stëmme vun der Majoritéit (CSV/Déi Gréng) géint 5 Stëmme vun der Oppositioun (DP/LSAP) ugeholl ginn.

Wann Taxe-Reglement elo Haut esou ouni Aarbechtssitzung ofgestëmmt gëtt da wäerte mir dergéint stëmmen. Net nëmme well mir net mam Reglement averstanen si mee och mat der Aart a Weis.

  • Leider hu mir eng Zuel erfanne misste well mir keng Statistike matgedeelt kritt hunn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp