Éier ech op d’Detailer aginn, wëll ech dës Geleeënheet notzen, fir e kuerzen Réckbléck op déi lescht zwielef Méint aus der Perspektiv vun der Oppositioun ze maachen.
E Merci geet un d’Buergemeeschtesch an un all Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot fir déi fair a konstruktiv Zesummenaarbecht. Natierlech ginn et och verschidde Meenungen, mee am Endeffekt schaffen mir zesummen am Interessi vun de Maacher Bierger.
E grousse Merci geet och un d’Mataarbechter vun der Gemeng fir hir konsequent a qualitativ héichwäerteg Aarbecht – am Haus an um Terrain.
Zënter dem Wiessel um Buergemeeschterstull ass eng nei Dynamik am Gemengerot entstanen. De Wiessel an der Majoritéit am Abrëll – wou den 8. Gewielten op der Lëscht vun der CSV nogeréckelt ass – huet zwar um Pabeier näischt un de Wielerstëmmen geännert, mee d’Verhältnisser hu sech irgendwéi awer verschiebt a schmaachen lo éischter wéi ën Amer mat Béier
Och dist Joer ass neess op d’Oppositioun gelauschtert ginn. Wann och nach ëmmer nët genuch. Am Laf vum Joer hu mir op verschiddene Projeten intervenéiert fir datt nogebessert gëtt: d’Neigestaltung vun der Maartplaz gëtt nach eemol iwwerpréift, an am neie Centre Machera hu mir Problemer opgelëscht, wou fir de gréissten Deel Léisungen an Siicht sinn.
Et ginn awer och Projeten, wou mir net averstanen sinn – well d’Planung net iwwerzeegt oder well e Gesamtkonzept feelt. Beispill: de Parking op Flohr oder de Réaménagement vun engem Deel vun der Tréier Strooss.
Buergemeeschtesch huet gesot: „Mir investéieren mat Aenmooss an si weider drun, d’Ziler vun der Schäffenrotserklärung ëmzesetzen.“ Wann een awer op d’Prioritéiten kuckt, stinn der néng an der Erklärung, dovun sinn der bis elo just zwou ofgeschloss – an dat sinn déi, déi schonn an der viregter Legislaturperiod am Chantier waren. Dräi Prioritéiten sinn an der Planung, bei véier ass et roueg. An eisen Aen missten dës Prioritéiten och prioritär behandelt ginn, well et Verspriechen un d’Bierger waren.
Wann een d’Budgetsried mat där vun den Joren virdrun vergläicht, da gesäit een, datt et kaum grouss Ännerunge ginn. Et gëtt weider iwwer d’Verhältnisser gewirtschaft, Zuelen ginn schéin duergestallt, an et gëtt erëm en neien Emprunt opgeholl.
Bis Enn 2026 belafen d’Emprunten sech op bal 45 Milliounen Euro. D’Remboursementer leien bei ronn 3,5 Milliounen Euro pro Joer, dovun ongeféier 1 Millioun Euro Zënsen. Dat belaascht den ordinären Budget staark. Zënter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.
D’Buergemeeschtesch seet: „Beim Emprunt hu mir och nees gespuert“. Et brauch een keen Economist ze sinn, fir ze gesinn, datt dës Ausso falsch ass. En
Emprunt ophuelen ass investéieren an spueren ass Geld op Säit leeën fir en spéideren Zäitpunkt. Waat d’Majoritéit gemaach huet: Se leet nët Geld mee Emprunten op d’Säit, fir së méi spéit opzehollen. Weil së verschidde vun hieren Projeten nach nët realiséiert oder nach nët ugaangen ass.
Enn 2026 belafen d’Emprunten sech op bal 45 Milliounen Euro
Zënter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.
Zu deene Prioritéiten, déi nach mussen ëmgesat ginn gehéieren den Ausbau vun der Grondschoul an der Maison Relais, Neigestaltung vun der Maartplaz, drëtt Phase vun der Muselpromenade, de neien Gemeenenatelier, de soziale Wunnengsbau. A wäerten substantiell Investitiounen erfuerderen. Dës Projeten stinn am CSV- Wahlprogramm an an der Schäffenrotserklärung. En Verspriechen un den Wieler.
Apropos Verspriechen: d’Emgestaltung vun der Op-/Offahrt vun der A1 um Potaschbierg, Léisungen fir de Verkéiersfloss am Kreesverkéier Kummert, Asetzen fir eng Bréck iwwer den Hafen direkt op d’A1… Dëst sinn alles Punkten, déi och versprach goufen, mee wou nach näischt geschitt ass. Dës Projeten droen zu enger besserer Liewensqualitéit bäi, mee si brauchen Zäit a virun allem mussen se och finanzéiert ginn.
Glécklecherweis bleiwen de Fonds de Dotation de l’État an d’Gewerbesteier héich – wat awer net dem Verdéngscht vum Schäffenrot zouzeschreiwen ass.
Schonns d’lescht Joer hunn mir gewarnt:
D’Dépenses ordinaires ginn ëm 6,52% an d’Luucht, am Verglach zu den Recettes ordinaires, déi just ëm 2,52% klammen. Dat kann een eemol maachen, mee et ass geféierlech, wann et esou weidergeet.
Dépenses ordinaires ëm 9% geklommen
Recettes ordinaires just ëm 2%
Elo, ee Joer méi spéit, gesi mir, datt d’Dépenses ordinaires ëm 9% geklommen sinn, d’Recettes ordinaires just ëm 2%. Alt erëm! Dat mécht eis Suergen – der Majoritéit anscheinend net.
E puer Detailer aus dem Budget Extraordinaire falen op: Mobilier am Gemengenhaus, Haushaltsmaschinnen an der Maison Relais, elektresch Renforcë um Camping, pädagogescht Material an der Musikschoul, iPads fir d’Schoul. Dat sinn Ersatzkäschten, déi eigentlech an den ordinären Budget gehéieren. Zesumme kënnt een op bal 300.000 Euro. Soll domat den Budget ordinaire manner belaast ginn oder geet et éischter drëms Dépensen vum Budget ordinaire kënschtlëch besser duerzestellen?
Am Budget sinn 125.000 Euro fir Digitaliséierung virgesinn. E Livestream vum Gemengerot kéint och dozou gehéieren – eng Praxis, déi ëmmer méi Gemengen aféieren, och déi mat vill manner Awunner. Dat géif Transparenz a politescht Verständnis bei de Bierger stäerken.
Mir wäerten och an Zukunft konstruktiv matschaffen, am Wuel vun de Bierger. Mir wëssen, datt muss investéiert ginn – mee net esou, wéi wann et kee Muer géif ginn. An daat Muer steet nach méi wi soss an de Stären.
Mir wäerten och an Zukunft konstruktiv matschaffen, am Wuel vun de Bierger.
Aus all deene Grënn kënne mir weder de Budget rectifié 2025 nach de Budget 2026 matstëmmen
Merci.
Sertznig Claire, Frieden Patrick, Wagner Claude