Frieden Patrick, Sertznig Claire, Wagner Claude

Wéi ëmmer zum Schluss vum Joer gëtt den Budget presentéiert, diskutéiert, kommentéiert an, ob ën elo gestëmmt gëtt oder net: ë geet ëmmer op.

Éier ech zum kommentéieren kommen wëll ech awer vum Moment profitéieren fir kuerz op déi lescht 12. Méint zeréckkucken. Déi duerch den Wiessel un der Spëtzt vun der Stad Maacher gepräägt waren. Wou Monique als éischt Buergermeeschtesch vereedegt gouf. Säitdeem ass eng nei Dynamik am Gemengerot opkomm, a mir als Oppositioun begréissen, dat mir méi staark an déi lafend Projekter mat agebonnen goufen. Och wann ganz am Ufank beim Ausschaffen vum Taxen Reglement fir Poubellen dat nach net de Fall war,  sou gouf dat awer vum Monique erkannt an ab do waren mir wéi gesot besser agebonnen. Och haten  mir deen een oder aneren Punkt um Ordre du Jour wou duerch iis Interventiounen nogebessert gouf. Dem Monique an allen Memberen aus dem Schäffen an Gemengerot en Merci fir déi fair an goud Zesummenaarbecht hei um Dësch. E batteren Nogeschmaach léisst do leider de Gemengerot vum 10.12.2024. Mir hunn eis an deem Gemengerot kloer zu der Moartplatz positionéiert,  eng  Zone de Rencontre an engem Sens-unique fir den motoriséierten Verkéier an d‘Ëmdréine Entrée/Sortie vum Parking „Rengmauer“: Mir hunn esou guer ganz konkret Iddien deen Owend, a Form vu Pläng/ Skitzen dem Monique weider ginn.

Verwonnert ware mir dunn iwwer een Artikel am Wort den 12. Dezember. Ouni datt de Journalist am Gemengerot war an ouni mat eis geschwat ze hunn, huet déi Persoun, déi verschidde Punkten déi mir virgedroen haten am Wort anescht an deels esou guer falsch duergestallt.

Zousätzlech wëlle mir ënnersträichen, datt mir als DP ëmmer fair waren an ni Informatiounen no bausse gedroen hunn, éier se sprochräif waren. Dofir stelle mir elo d’Funktioun vun den Aarbechtssëtzunge fir d’Zukunft a Fro. Wéi de Begrëff et scho seet, sollen dës Sëtzungen der Ausaarbechtung déngen an net fir definitiv Entscheedungen ze treffen. Bis elo hu mir als DP ëmmer konstruktiv un allen Aarbechtssëtzungen a Workshops matgewierkt.

D’Aart a Weis, wéi et beim Thema vun der Moartplatz awer elo ugefouert gouf, hannerléisst awer bei iis ë ganz batteren Nogeschmaach. Mir stellen de positiven Driff aus de leschte Méint  mat deem wéi et ofgelaf ass  fir d’Zukunft a Fro.

Et ginn sécherlech déi een oder aner Meenung mee mir sinn all hei zum Wuel vun den Bierger aus iiser Stad.  En  groussen Merci geet un Mataarbechter hei aus dem Haus fir déi vill Arbescht iwwer ganz Joar an och zesummestellen vun den Dokumenter vum Budget mee och fir déi goud Zesummenaarbecht am Déinst vum Bierger.

Elo zum Budget:

En puer Wierder zur Nohaltegkeet.

Mir haten schonn bei der Schöffenrotserklärung gesot dat et Ëmsetzung vum Walprogramm vun der CSV ass mat en puer wéinegen Gréngen Iddien

Mir sinn Member am Natur Pakt wou d‘Gemeen mat engem Punktesystem Zieler festleeët an deemno vum Staat Subsiden kréit. Datt d‘Gemeen lei nach relativ goud do steet, huet ënnert anerem dëm Staat seiner rieseger Photovoltaikanlag bäi dë Schléis ze verdanken.

Divers Moossnamen goufen an der Ried opgezielt: Energie Aspueren, Ofschalten vun der Beliichtung vun den ëffentlechen Gebaier, ëmstellen op LED-Luuchten fir just dës ze nennen. Dëst sinn fir iis hautzudaags quasi Normalitéiten, déi souwisou an d’Responsablitéit vun eener Gemeen rafaalen. Et ass also e gouden Ufank, allerdéngs geet et an iisen Aan laang net duer. Hei stelle mir iis d’Fro: Wou sinn déi Gréng? Wou sinn déi Gréng Iddien?

Beim Bauen gëtt an iisen Aan net genuch op Nohaltegkeet gekuckt, e Paradabeispill dofir ass déi néi Busgare….Mir hunn elo réischt déi éischt Photovoltaik , nämlech déi um neien Centre installéiert. Et ass Potential do: Haal op Flohr, Stade op Flohr, Tennishaal, an, an, an. Mir wëllen iis Bierger sensibiliséieren fir Panneauen ze installéieren. Am Budget stinn  75000€ fir Subsiden fir Energie Renouvelables; hei hätten mir iis erwaart dat Gemeen selwer méi eegen Anlagen  installéiert fir selwer an Maacher méi Energie ze produzéieren. Wou gewosst ass dat den Stroumpräis an Zukunft klammen wäert.

Informatioun an Transparenz

Am Budget klëmmt den Solde vum Bulletin Municipale vun 75000€ op 92500€; kënnt den Bulletin an domat d’ Informatiounen elo méi séier bei Léit? Sécherlech sinn Printmedien net ewech ze denken, mee d’Léit wëllen méi séier Informéiert ginn och wat am Gemengerot geschwat gëtt. Hei nach emol den Rappel fir endlech Sitzungen ze Iwwerdroen an och dono am Replay zu Verfügung ze stellen. Dat géif dann och de Journalisten, déi net am Gemengerot waren, méi Transparenz ginn a së kéinte (villäischt) méi objektiv schreiwen. Awer d’Leit kéinten sech op alle Fall  hier eegen Meenung maachen.

Centre Machera

De Finanzement vun den Evenementer am Centre Machera weist e kloert Ongläichgewiicht op: mat Recetten vun 180.000 € géint Depensen am ordinäre Budget vun 560.000 €. Wéi geet dat weider, a wéi laang kënne mir dat stemmen? Wann een bedenkt, dass dësen Déficit vu bal 400.000 € ausschliisslech fir Evenementer ass – ouni d’Salairen an d’Fonctionnementskäschten ze berécksiichtegen – stellt sech d’Fro, ob net eng aner Approche méi sënnvoll wier. Wier et net besser direkt en oder méi extern Event-Organisateuren mat an d’Boot ze huelen, fir de schéine Sall konsequent mat Evenementer ze fëllen? Et ass evident, dass de Sall méi staark un extern Ubidder verlount sollt ginn. Fir dat effektiv ëmzesetzen, bréicht et Leit aus dër Branche sellwer. Dës Erausfuerderung hätt an isen Aen scho längst missen ugepaakt ginn, fir de Sall optimal ze notzen an de Potenzial voll auszeschëpfen.”

Schoul

Beim Masterplang vun der Schoul ass elo en Architekten Concours um Lafen, hei Fro: wär et net besser gewiescht den Projet anescht ëmzesetzen. Vläicht besteet jo nach Méiglechkeet, no dem Prinzip vun Design and Build oder mat enger Entreprise Générale ze plangen. Hei kéinten wesentlech Käschten a gespuert ginn.

Verkéier Potaschbierg rue Kummert

An der Schöffenrotserklärung steet Ëmgestallten vun der Op an Offaart A1 Potaschbierg an Léisungen fir eng verbessert Verkéierssituatioun, am Budget ass  heizou näischt ze fannen. Mir sën mat där Iddi d‘accord mee déi réaliséiert een och net vun Haut op Muer an dat sinn Themen wou Bierger drëngend Léisungen wëllen gesinn. An dofir  mussen elei esu séier wéi méiglech Léisungen kommen an zwar éier d‘Industriezone ausgebaut gëtt. Hei leid d’Liewensqualitéit vun den Bierger drënner.

Emprunt an Scholdzënsen

Mir wëssen et an dir wësst et och: Waat ee méi Suë léint, waat de Boni vum gesamte Budget kurzfristëg mi héisch ass. Daat mëscht sech no baussen zwar ganz schéin; d‘Zuelen täuschen awer iwer déi réell Situatioun ewech! Well se mat geléinte Suën gepuscht get. E finalen BONI vun 3,4 Mio € am Budget rectifié 2024: Dat sënn näischt aneres wéi bei der Bank gléinte Suën fir Arbechten, déi am Joer 2024 nach nët realiséiert gi sinn.

Mir hunn an der Vergaangenheet Emprunt mat gestemmt dat 2021 7mio€ an 2023 12 Mio€  dëst fir en Projet wou mir ëmmer Ënnerstëtzt hun, nämlech de neie Centre culturel. Dobäi kommen nach 8,3 Mio€ Subsiden.

Budget ordinaire

Positiv ass op där anerer Säit d‘Entwécklung vun iser Haapt Recette. Wann d’Recetten aus der Gewerbesteier plus dem Fond de dotation vum Staat am Budget initial 2025 ëm 17,2 % iwwer de Betrag klammen, deen 2023 op de Kont iwwerwise gouf: Dann ass et an eener Budgetsried einfach ze erklären, datt bis 2023 am Budget ordinäre iis Recetten méi séier geklomme sën wéi iis Depensen. Elo së më awer 2025 an am Budget ordinaire steet do, datt d‘Recetten ëm 2.52 % an d‘Dépensen awer ëm 6.52 % an d‘Luet ginn. Op ee Joar gekuckt ass dat elo villäischt net dramatësch, mee wann d‘Dépensen an deem Rhytmus weider klammen, komme më gär genouch am ordinäre Budget (an dann och am Budget extraordinaire) an d‘Labrenten. Elei heescht et Fouss bäim Mol haalen, weil nëmmen mat eem anstännegen Boni am Ordinaire kri mër di zukünfteg Investitiounen an dër Zukunft gestämmt.

Beem wäerten eben net an den Himmel wuessen.

Personalplanung

Bäi den Dépenses ordinaires maën eleen d‘Personalkäschten iwer 12 Milliounen € aus, also ronn 38%. Een gesond Personalplanung ass dofir immens wichtëg fir een Gemeen, weil së nëmmen esou ë positiven Afloss op d‘Dépensen (an domat op de Budget ordinaire) holle kann.

Ouni  d‘Aarbecht vum Gemengepersonal och nëmme ee Jota wëllen a Fro ze stellen, bleiwwe mir der Meenung, dass fir verschidden Servicer een Audit néideg ass, deen mir iwwriëns schon ëfters gefroot hunn. Wéi gesot: Et geet net drëms irgendeen ze kujenéieren, mee et geet drëms, d‘Organisatioun sou hin ze kréien, datt ën zefriedent Personal E de beschtméiglechste Service um Bierger  garantéieren kann. Mir stellen eis d’Fro op déi aktuell Majoritéit do déi rischteg Schinn fiert.

Aus alle virgenannte Grënn kënne mir weder de Budget rectifié 2024 nach de  Budget 2025 matstëmmen. Dëst verhënnert awer net, datt mir bei wichtege Projeeën isen accord wäerte kënne gin.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp