Gréiwemaacher

Deemnächst steet bei der DP Maacher e Wiessel am Gemeenerot un.

De Gemeeneconseiller René Sertznig huet aus perséinleche Grënn sein Démissioun bei der Mme Innenminister agereecht. Zënter 1976 huet sech de René a verschidene Fonktiounen fir di Maacher Gemeen agesaat : als Redakter, Sekretär, Schäffen a Conseiller. De René wäert iser Sektioun och an Zukunft mat seim Wëssen a punkto Gemeenepolitik mat Rot an Dot zur Säit stoën.

Nächstgewielten op der Lëst vun der DP Maacher as sein Duechter Claire Sertznig.

Zu Ärer Informatioun lëste mir Eech hei och nach d’Zesummeseetzung vun isem aktuelle Sektiounskomitee DP Maacher op :

Präsident : Claude Wagner ; Eierepräsident : René Sertznig ; Vize-Präsident : Patrick Frieden ; Sekretärin : Claire Sertznig ; Trésorier : Emile Hoffmann ; Membren : Guy Bastian, Nico Becker, Jean Kayser, Sandra Palgen, Lee Risch, Willem Roos, Kitty Schiffmann, Patrick Vandendries, Sara Winkel a Michèle Zeimes.

Zéckt net, fir Eech bei is ze mellen, wann Dir interesséiert sidd fir aktiv matzeschaffen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp