Sonn dee ganzen Dag, flott Gespréicher, laachend Gesiichter, e gudde Maufel an e kille Patt: Dat tradionellt Volleksfest vun der DP Gemeng Mamer fir den 1. Mee war erëm e vollen Erfolleg. Honnerte Leit vu no a méi wäit waren op de Rendez-vous beim Mamer Schlass komm fir de flotten Nomëtteg a vollen Zich ze genéissen.