Danz an de Mee mat der Mamer DP!

Sonn dee ganzen Dag, flott Gespréicher, laachend Gesiichter, e gudde Maufel an e kille Patt: Dat tradionellt Volleksfest vun der DP Gemeng Mamer fir den 1. Mee war erëm e vollen Erfolleg. Honnerte Leit vu no a méi wäit waren op de Rendez-vous beim Mamer Schlass komm fir de flotten Nomëtteg a vollen Zich ze genéissen. Dorënner och d’Ministeren Stéphanie Obertin, Max Hahn, Claude Meisch a Gilles Roth, d’Deputéierten Gusty Graas, Luc Emering an Djuna Bernard, de Mamer Buergermeeschter Luc Feller, de Schäffen Ed Buchette a vill Gemengrotsmemberen. Gutt vertrueden war och den DP Comité Süden ronderëm hire President Marc Meyer an en etlech Jonk Demokraten ronderëm hire President Lou Linster.

D’1. Mee-Feier vun der DP Gemeng Mamer ass säit Jorzéngten e feste Rendezvous am Fest-Kalenner vun der Gemeng an do déi flottst Manéier, fir de Mee ze begréissen.

Vill Hänn mussen upaken, fir dësen Event op d’Been ze setzen. De Comité vun der DP Gemeng Mamer seet alle Frënn en décke Merci fir hir Hëllef a besonnesch och dem Gemengepersonal, dat ëmmer do ass fir eis ze ënnerstëtzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp