Mamer

D’DP Gemeng Mamer fuerdert e Service de proximité fir eis eeler Matbierger

Wee raumt de Schnéi viru mengem Haus? Wee ka mir hëllefen, mäi Gaart ze botzen? Ech hu Luuchten ze ersetzen oder e bësse méi schwéier Saachen ze droen, wee ruffen ech un?

Besonnesch fir eeler an dependent Leit ass et oft schwéier fir schnell Hëllef ze kréie fir kleng Aarbechten am Stot. Dofir fuerdert d’DP Gemeng Mamer e Service de proximité fir eis eeler an dependent Matbierger, wéi et en och schonns an anere Gemenge gëtt.

Bei der Gemengerotssëtzung vum 22. Januar 2024 hunn eis Gemengeconseillere Jessica Klopp a Sven Bindels an deem Sënn eng Motioun deposéiert.

D’CSV/LSAP-Majoritéit huet net iwwer d’Motioun wollen ofstëmmen, d’DP-Conseilleren kruten awer verhandelt, dat de Schäfferot sech weider mat dem Thema beschäftegt a kuckt op esou e Projet hei zu Mamer dach nach Fouss faasse wäert.

Des weideren hunn si erreecht, datt den Héchstalter, an deem een eng Demande fir 𝘚𝘶𝘣𝘷𝘦𝘯𝘵𝘪𝘰𝘶𝘯𝘦 fir eeler Matbierger ka stellen, vu 75 op 65 erofgesat gëtt.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech dofir an, d’Viraussetzungen ze schafen, fir eisen eelere Matbierger, esou laang ewéi méiglech, en eegestännegt a gutt Liewen doheem z’erlaben. Mir bleiwen um Ball!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp