Mamer

DP Mamer: Mat enger Duebelspëtzt an d’Gemengewalen

Mat der laangjäreger Sektiounssekretärin an engagéierter Veräinsfra Jessica Klopp an dem laangjärege Sektiounspresident a Gemengerot Sven Bindels geet d’DP Mamer mat enger Duebelspëtzt an de Walkampf fir d’Gemengewale vum 11. Juni.

Dës Decisioun huet de Comité vun der DP Mamer a senger leschter Sëtzung eestëmmeg getraff. Et ass e wichtegt Uleies vun der DP Mamer, all Mënschen, déi sech mat de Wäerter vun der Demokratescher Partei identifizéieren, egal wéi e Geschlecht an egal wéi eng sexuell Orientéierung si hunn an der Sektioun wëllkomm ze heeschen, si mat an d’politesch Aarbecht anzebannen an hinne schnellstméiglech Responsabilitéiten unzevertrauen.

Dofir ass et der DP Mamer och wichteg, d’Participatioun vu Fraen u politeschen Decisiounen ze stäerken a si gläichberechtegt mat de Männer an d’Vitrinn ze stellen. Wann et no grousse Beméiungen och net gelongen ass, eng paritéitesch Lëscht opzestellen, konnt d’DP Mamer véier erfueren a ganz engagéiert Kandidatinne verflichten : d’Graziella Di Fabio, d’Marie Kirch, Jessica Klopp an d’Sylvie Zangerlé, épouse Klopp. Doriwwer eraus kann d’DP Mamer an de Gemengegremien op ganz kompetent Vertriederinnen zielen wéi hier Vizepresidentin Sonja Schintgen.

D’DP Mamer wäert weider dru schaffen, méi Fraen fir de politeschen Engagement ze begeeschteren a weiblech Memberen a Gremien a Kommissiounen ze fërderen.

Ween interesséiert ass, bei der DP Mamer matzeschaffen, kann ons ganz einfach kontaktéieren op mamer@dp.lu.

Hei fannt Dir weider Informatiounen iwwer d’Kandidatinnen a Kandidaten vun der DP Mamer fir d’Gemengewalen 2023.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp