Contern

Charel Muller

31 Joer, Staatsbeamten, Conter

Charel Muller, 31 Joer, schafft als Statistiker beim Staat a wunnt säit 5 Joer zu Conter.
Ech si bestuet an hunn e klenge Jong vun e puer Méint. Als engagéierte Mënsch läit mir d’Veräins- an d’Zesummeliewen um Häerz. Och d’Mobilitéit interesséiert mech, duerfir sinn ech säit e puer Joer Member an der Mobilitéitskommissioun. Als Deel vun enger jonker Famill ass et mir och wichteg eise Bierger Forme vu bezuelbarem Wunnraum bidden ze kënnen.

Mäin Numm ass Charel Muller an ech hunn 31 Joer. Zesumme mat menger Fra si mir viru 5 Joer op Conter geplënnert a krute virun e puer Méint ee klenge Bouf. Ech hunn zu München an zu Köln Soziologie a Statistik studéiert a schaffen als Statistiker beim Staat. Hei stellen ech Statistiken am landwirtschaftleche Beräich souwuel fir national an och fir europäesch Zwecker op. Ech setze mech dobäi gär fir den Déngscht um Bierger an a probéieren, dee komplexe Secteur vun der Landwirtschaft beschtméiglechst an Zuelen ze faassen.

A menger Fräizäit verbréngen ech gär Zäit mat der Famill a setze gär um Vëlo. Niewebäi engagéieren ech mech gär a menger Gemeng. Sou hunn ech mech direkt wéi mir op Conter geplënnert sinn, an d’BD Kommissioun gemellt. Hei këmmeren ech mech haaptsächlech ëm d’Logistik, fir datt de Weekend vun der BD alles esou ofleeft, wéi et soll. Mech begeeschtert, datt hei d’ganz Gemeng zesumme mat senge Veräiner schafft, fir ee gemeinsaamt Event an där Gréisstenuerdnung op d’Been ze stellen. Och op anere Platze packen ech ëmmer gär eng Hand mat un, wa Léit gebraucht ginn.

Och um politeschen Niveau well ech mech als Kandidat vun der DP fir d’Veräins- a Gemeinschaftsliewen asetzen. Déi néideg Ënnerstëtzung ass essentiel fir ee funktionéierend Gesellschaftsliewen an enger Gemeng, déi weider wiisst. Ausserdeem setzen ech mech gär fir ee bessert Abanne vun de Gemengekommissiounen an. Et ass immens wichteg, déi berodend Funktioun vun dësen ze valoriséieren. Ausserdeem ass d’Mobilitéit ee Sujet, dee mir immens um Häerze läit. Sief et mam ëffentlechen Transport, mam Auto, ze Fouss oder um Vëlo: Als Member vun der Mobilitéitskommissioun well ech mech weiderhin dofir asetzen, datt d’Infrastruktur vun all dësen Aspekter gefërdert ginn. Als jonke Matbierger ass et mir och wichteg, datt d’Gemeng weider bezuelbare Wunnraum schaft.

Charel Muller