Contern

Marie-Anne Kolbach-Hoffmann

69 Joer, pensionéiert Infirmière, Conter

Marie-Anne Kolbach-Hoffmann, 69 Joer ass pensionéiert Infirmière.
Ech si bestuet an hunn zwee Kanner an zwee Enkelkanner. Ech hunn am stationäre Beräich a laang am drëtten Altersberäich geschafft an dofir schaffen ech och zënter Joren aktiv an der 3ter Alterskommissioun mat.

Ech si gebierdeg vu Steenem a wunnen zënter 1979 zu Conter.

No menge Schoulofschloss als diploméiert Infirmière de l’Etat hunn ech an der Klinik geschafft bis ech 1982 mäin éischt Kannt kritt hunn. Duerno war ech 16 Joer mat menge Kanner doheem. Ech hunn sie an hire sportlechen Erausfuerderungen ënnerstëtzt an ech hunn 10 Joer am Comité vun dem Swimming Lëtzebuerg matgeschafft. Ech hunn an der Organisatioun vun internationale Schwamm Meetinge matgehollef, wou ech dann och deen een oder aneren Olympionik kennegeléiert hunn. Wéi meng Kanner du fort op d’Uni waren, hunn ech erëm ugefaange mat schaffen.

Ech hunn zwee Joer bei der Assurances dépendance geschafft éier ech bei den deemools neigegrënnten Etablissement public Servior gewiesselt sinn. Bei Servior war ech Zoustänneg fir d’Koordinatioun zwëschen den Departementer, der Direktioun, der CNS an der Santé, fir d’Formatioun souwéi d’Digitalisatioun an Zesummenaarbecht mat externe Beroder an enger Software Firma aus Däitschland.

Ech hat eng interessant an erausfuerderend Aarbecht a konnt aktiv bei der Entwécklung vum Betrib mathëllefen. Ech hunn vill super Erfarunge gemaach bei deenen ech vill geléiert hunn.

An der Pensioun sinn ech ëmmer bereet wann d´Enkelkanner krank sinn oder wann soss eng Hëllef noutwendeg ass.

Meng Hobbye sinn d’Blummen a d’Planzen a mengem Gaart, Fotoen a Fotobicher maache fir eis Reesen ze dokumentéieren a fir alles wat soss nach am Joer esou geschitt an engem Fotobuch festzehalen.

Nei technesch Entwécklunge wéi och den Ëmweltberäich interesséiere mech.

Mat mengem Mann hunn ech déi 5 Kontinenter bereest, ech hunn Länner a Leit kennegeléiert a mech fir hir Kultur a Politik interesséiert.

No 78 Länner déi mer bereest hunn bleiwen der nach e puer op eiser Lëscht fir Zukunft.

Doheem ass et awer och schéin a Problemer ginn et och an eisem Ländchen an eiser Gemeng Conter ze léisen.