Contern

Meho Bajrami

48 Joer, Elektriker, Mutfert

Meho Bajrami, 48 Joer, schafft an der Gemeng Hesper a wunnt säit 15 Joer zu Mutfert.
Ech si bestuet an hu 4 Kanner. Viru méi wéi 20 Joer sinn ech op Lëtzebuerg komm dat elo meng zweet Heemecht ass a mir an all deene Jore méi Liewensqualitéit geschenkt huet. Dofir wëll ech mech fir nach méi Liewensqualitéit an Integratioun hei an der Gemeng Conter asetzen.
De vollen Text gëtt et méi wäit ënnen.

Mein Numm ass Meho Bajrami an ech hunn 48 Joer, si bestuet an hu 4 Kanner

Meng Wuerzele leien ursprénglech a Bosnien an ech si mat 25 Joer op Lëtzebuerg komm fir menger Famill eng besser Liewensqualitéit ze erméiglechen.

Vun der Ausbildung hier hunn ech eng Verkéiersschoul (änlech Ausbildung zum Farleerer) gemaach an Elektriker geléiert.

Ech schaffe scho säit 2007 an der Gemeng Hesper a wat mech am meeschten dorunner begeeschtert, ass dat ech oft ënnert Leit sinn an sou sozial Kontakter knäppe kann. Mee och de Sport an handwierklech Aarbechte gehéieren zu mengen alldeeglechen Aktivitéiten.

An menger Fräizäit sinn ech gären an der Natur, fësche bei der Musel oder bereese gäre Länner fir nei Kulture kennenzeléieren.

D’Themen déi mir am meeschten um Häerze leien a fir déi ech mech gäre wëll asetzen, sinn eng zukunftsorientéiert Gemengeninfrastruktur, wéi eng besser Mobilitéit a Wunnsituatioun an der Gemeng Conter, fir datt déi jonk Koppelen a jonk Familljen a Krisesituatioune mat der Wunnsituatioun och kennen an eiser Gemeng Fouss faassen. Och d’Stäerkung vum Zesummeliewe fir Familljen, Kanner, Jugend a Senioren ass mir en Uleies, sou dass fir all Altersgruppen hei an der Gemeng déi selwecht Konditioune fir eng besser Liewensqualitéit erméiglecht kënne ginn.

Villmools Merci!