Jonglënster

Vun Ufank un schafft de Schäfferot enk mat der Biergerinitiativ vun Amber zesummen. D’Christiane Degraux, huet sech hei als politesche Vertrieder ganz staark gemaach an huet de Lien tëschent de BiergerInnen hire Suergen an der Politik gemaach.

De Schäffen- a Gemengerot, zesumme mat der Biergerinitiativ, zéien hei och um nämmlechte Strang.

D’Objektiv ass kloer : di néi Leitung soll souwäit ewéi méiglech vun de Wunnhaiser ewech sinn.

Wat am Artikel am Wort vun Haut (3.1.23) net ervirgeet, ass dass mir ons Uganks zesumme mat Luerenzweiler eens waren : iwwert de rouden Tracet (cf Plang), mat der Emspannungsstatioun um Bofferter Plateau – do géing se kee stéieren.

(Photo : Wort vum 3.1.23)

Am Laaf vum Summer 22′ huet d’Creos dunn an enger spéiderer Eegeninitiativ eng weider Alternativ ugebueden : de bloen Tracet, mat der Emspannungsstatioun bei Allënster. Luerenzweiler huet doropshin seng Meenung geännert an ass en Faveur fir des nei ugebueden Alternativ. Mir kënnen dat net guttheeschen a wieren ons vehement géint des Optioun.

Well virun allem eng Onbekannte bléift : vun der Emspannungsstatioun bei Allënster misst déi bestoend 220 kV Leitung, déi de Moment duerch Amber verleeft, bestoe bléiwen. Op wat fir engem Tracet déi géing verlafe bléift Creos an den Ëmweltministère ons eng Äntwert schëlleg.

Am Fall wou d’Emspannungsstatioun awer um Bofferter Plateau wier, kënnt déi bestoend 220 kV Leitung komplett zeréckgebaut ginn. Och dat ass eng Prioritéit vun der Gemeng an der Biergerinitiativ.

Mir sinn op alle Fall gespaant op d’Suite vum Dossier a sollten ons op all weider méiglech Schrëtter virbereeden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp