Gréiwemaacher

B.R. 2020 a Budget 2021: Stellungnahm vun der DP Fraktioun:
Claude Wagner, René Sertznig a Patrick Frieden

Zur Erënnerung: Virun 1 Joer hat d’DP Maacher bei der Budgetsdiskussioun iwer de Budget 2020 op den Appell an der Circulaire budgétaire vun der Innenministesch opmeréksam gemach, datt et bei der Budgetsplanung wichteg as, mat anzeplangen, datt och Joere kommen, an deenen de Budget manner Moyens opweist!

Du woar nach vu Corona oder Covid19 nach keen Rieds… wéi schnell et go kann wësse mir elo… leider!

Virun 1 Joer huet de Boregemeester is dorophin, op isen Oprouf zur Virsiicht, nach Populismus virgeworf!    Dat just zur Erënnerung…

De Budget 2020 hu mir net mat gedron, weil e, wéi all déi Joere virdrun, zënter 2012, weder am Ordinaire, nach am Extraordinaire, op Prioritéiten ausgericht woar. Am B.R. 2020 stelle mir fest, datt vill ze vill Ausgowen getätegt, resp. beschloss gi sen, déi richteg an d’Geld – geléinte Geld muss ee soën – schloën, déi zu desem Zäitpunkt net absolut virrangeg woaren. Ech ziele nëmmen, fir konkret ze sen, e puer Realisatiounen op, déi mir, ech betounen: zu dëser Zäit, wou d’ékonomesch Situatioun méi prékär as, entweder elo nach net, oder net esou, getätegt hätten: deen deiere Belag vum Trottoir laanst d’Schoul, di nei Trapen bei der Schoul, dat 4. Tennisfeld als Ubau an der Tennishaal, déi iwerdimensionnéiert Spillplaz am Weiher, de Second Hand Butték, wou mir een méi bëlleg an an isen Aaën fir den Akafszentrum besser Léisung virgeschlo hun, de Comptoir um Moart, wou no eener méi gëeegenter Léisung hät kënne gesicht gin.

Mir weise just drop hin, datt den Innenministère d’Gemeenen schon am Fréijoer iwer den negativen Impakt op d’Staatsbedeelegung informéiert hat. Deemols hate mir schon am Gemeenerot drop opmerksam gemach, datt fir Maacher wuel 3,6 Mio € manner un Dotatioun a Gewerbesteier ze erwoarde sen. Deemols hate mir schon no eener Aarbechtssëtzung vu Gemeenerot mat der Finanzkommissioun gefrot, fir och scho fir de lafende Budget déi noutwändeg Moossnahmen ze ergräifen. Dës Aarbechtssëtzungen sen zwar vum Schäfferot aberouf gin, awer leider eréicht am November, kënnen also just de Budget 2021 an de plan pluriannuel de financement betreffen.

Aus all dëse Grënn droë mir de B.R. 2020 net mat.

Ech kommen elo zum Budget 2021:

De Virus huet is fest am Grëff an huet natirlech, leider, wéi schon am Fréijoer virausgesot, e kräftegen Impakt op is Finanzen. De Boregemeester hat is di genä Chiffren an seiner Budgetsried den 30. November, matgedeelt.

Et as kee Budget wéi all aneren, de Corona- oder Covid-Budget 2021. Dat huet de Schäfferot och erkannt an huet réagéiert…. No 9 Joeren am Amt, huet den CSV/déi Gréng Schäfferot erkannt, datt „Prioritéiten“ net nëmmen e Wuert as, mee dat et net méi anescht geet wéi se och ze respektéieren. Dofir wëlle mir de Schäfferot félicitéieren! Besser spéit wéi nie!

De Budget 2021 entsprëcht an de grousse Linnen ise Virstellungen. Mir fannen is Politikopfaassung dran erëm.

Vill vun deenen Argumenter, déi d’DP Maacher an deene vergangene Joeren am Gemeenerot a punkto Prioritéiten virbruet huet, fannen elo, op Grond vun där neier Situatioun, deen néidege Respekt.

Bei deene prioritäre Projeeën dreet besonnesch den Haptprojet, dee neien Centre Culturel, mat allen dezou gehéieregen Infrastrukturen, däitlech d’Handschrëft vun der DP Maacher. Wann et herno em d’Gestaltung vum Schweinsmoart geet, wëlle mir och mat diskutéieren. Mir kinnten is hei flott een Stufeplaaz virstellen. Dozou méi wann et esou wäit as.

Am ordinairen wéi am extraordinaire Budget as ze erkennen, dat virun Allem noutwändeg Ausgowen virgesi sen.

Mir hu beschloss, datt d’DP Maacher an dëser Ausnahmsituatioun, als Oppositioun am Gemeenerot, dëse Budget wärt matdron. Et as dest Joer vill iwer Solidaritéit an der Gesellschaft, an och an der Politik geschwat gin. D’DP Maacher weist sech solidaresch! Här Député-Maire: Dir geséit: Um lokale Plang kann dat fonktionnéieren!

De Budget 2021 entsprëcht an de grousse Linnen ise Virstellungen. Mir fannen is Politikopfaassung dran erëm. Dat heescht awer net, datt mir is net d’Recht ausbehalen, bei eenzelne Punkten een kritesch oder aner Meenung ze hun. Esou z. Bsp. wat d’masse salariale ugeet, oder d’charge annuelle vun den Emprunts, déi dorech e Manktum u Prioritéitsverständnis an de Virjoeren een schwéier Last duerstellt. Och musse verschiden Kapitelen méi genä ënner d’Lupp geholl gin, datt se net ausuferen…Sollte mir mat Argumenten déi een oder aner Décisioun vun der Majoritéit am Gemeenerot am Laf vum Joer net matdron, da soll dat de Boregemeester net dozou verleeden, drop hinzeweisen, datt mir jo de Budget matgedron hun. Mir kënne jo net iwer all Budgetsartikel eenzel ofstëmmen. Dat sief also och kloer gestallt!

Am Budget 2021 fanne mir iwregens kee Kredit fir Mossnahmen ze hollen, fir dem Commerce an de Veräiner weider Ënnerstëtzung ze gewähren. Mir fäerten, datt Covid19 is och nach dat kommend Joer wärt beschäftegen an dat normalt gewinnte Liewen wärt aschränken.

Een aner Fro vun is, déi och a Relatioun mat de Gemeenefinanzen steet: As de Moment net komm fir is Nopeschgemeenen zu eem Gespréich anzeluden an Hisiicht vun éischten an eechten Gespréicher fir een méiglech Fusioun? En éischte Kontakt a Richtung vun eener Oststad, déi méi Gewicht op nationalem Niveau huet?

Zum Schluss nach een Fro: d’Gemeen as je Member an der Entente Touristique. D’Schëff huet ënner der Corona Kriis déck ze leiden…. Huet dat an absehbarer Zäit finanziell Konsequenzen fir d’Membergemeenen? Am Budget 2021 hu mir jiddefalls keen Hiwäis fond.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, René Sertznig, Patrick Frieden

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp