Gréiwemaacher

Stellungnahm vun der DP Fraktioun:
Claude Wagner, René Sertznig a Patrick Frieden

Gemeenerot Gréiwemaacher vum 15. Dezember 2017

E puer Wuert zum Budget rectifié 2017:

Feststellung: Kont 2016: dép. Ordin. 15.144.000€   B.R.2017: 16.612.000€

an 1 Joer e Plus vu 9,69%

Laut Bor. heescht dat: Budget ordinaire am Grëff. Mir gesinn dat anescht!

Wuel gi Recetten vum Kont 2016 op de B.R. 2017 em 10,2% an d’Luut (dat wäert de Bor. iis degéint halen), mee do muss ee feststellen, datt eleen d’Gewerbesteier, zesummen mat virun allem dem Fonds de Dotation globale, em 13.42% an d’Luut gange sen: also dorech dat nei Gemeenefinanzéierungsgesetz, dat den CSV Ostdéputéierten L.G. net matgestëmmt hat. Och därf ech drun erënneren, datt de Finanzminister dem Innenminister een Envelopp vu 90 Mio € zoukomme gelooss huet, déi de Gemeenen zegoud kommen.

Desen Zouwues u Recetten sollt eigentlech fir Investissementer genotzt gin, an net fir méi héich Ausgowen an den dépenses ordinaires mussen ze kompenséieren!

Oni déi Neiopdeelung hätt d‘Gemeen Maacher elo schon e Probleem. Mat Unhiewen vun e puer Gemeenentaxen wier dee Problem netz e léise gewiest!

Zum Budget 2018:

Budget vun den Etuden! Zielen op:

Etude parking souterrain Moartplaz,  Etude Revolarisatioun/Extensioun vum Centre Culturel,  Etude Parking,  Etude Zone Camping,  Frais d’études PAG,  Etude PAP Flohr,  PAP Pietert,  Etude PAP Potaschberg, Etude Verkéier Potaschberg, Etude remaniement Parking résidentiel,  Etude liaison piste cyclable au centre Ville,  Elaboration an exécution concept vélo,  Etude Verlängerung Muselpromenad Quai bis Piscine,  Zone piétonne: Etude a surveillance Schroeder&Ass.,  Etude énergétique Gemeenegebaier,  Etude forage a captage Quelle Geyershof, Frais d’études dossier d’assainissement relatif à l’eau  asw.

Oni déi Etuden a Fro ze stellen feelt awer een ganz wichteg, oder vläicht – an hoffentlech – kri mir déi am Kader vum PAG geliwert: an zwar éier et ze spéid as fir falsch Décisiounen ze treffen:

Een Etude iwer d’Zentrumsgestaltung: woù sollen wéi een Fonktiounen an Infrastrukturen hikommen? Wat sen d’Konsequenzen fir déi verschiden Alternativen? Wat sen d’Risiken an Niewewërkungen?

Z. Bsp.: woù sollen d’Autoë parken? Wéi ka Parkraum ugeluet gin oni datt den Zentrum kollabéiert? Wéi ka verhënnert gin, datt An- an Ausfoart zu eem ënnerirdesche Parking den Zentrum verschandelen? Oni datt d’Geschäfter d’Bauphase net iwerliewen?! Wat wier z. Bsp. d’Konsequenz wann en Delhaize um Moart misst zouman?

De Bor. huet an eem Interview am Wort gesot: „d’Parkplazsituatioun as manner schlëmm wéi duergestallt“. Huet en sech och schon iwerluet wisou? Een Fro: weil manner Leit aus der Ëmgéigend iwerhapt nach op Maacher kommen? Mir mussen de Géigendeel bewërken!

Den Zentrum attraktiv an accessibel machen!!

Virwat hat de Virgänger vum jetzege Bor. de Parking souterrain um Moart gestrach (wéi de LG sech am Wort Interview ausgedréckt hat)? Net eleen, awer och aus Kästegrënn. Villméi awer wéint riesegen techneschen Nodeeler, déi de LG erofspillt, mat ganz opwändegen an zäitraubende Verleeungen vun Infrastrukturen, mat An- an Ausfoart déi de Moart verschandelen, mat eener Bauphase, déi riskéiert de Commerce am Zentrum fir een lang – vill ze lang – Zäit lahm ze leeën!

Et get aner Méiglechkeeten, loosse mir déi auslooten an eener Gesamtétude iwer d’Fonktiounen vum Zentrum mat deenen eenzelnen Konsequenzen!

Aner Beispiller fir d’Noutwändegkeet vun esou eener Etude:

Regional Musikschoul: soll déi besser op eem Site fonktionéieren oder op zwee oder méi opgedeelt gin?

Oder z. Bsp. dee vum Schäfferot geplangten, an och vun iis befirwuerten grousse Versammlungsraum fir Kongresser an aner gréisser Veranstaltungen. Wéi kann esou een Infrastruktur fonktionnéieren am Centre Culturel, an de Summerméint,  wa vill Passagéier mam Schëff matfueren a Parkplaze brauchen, a wa bei goudem Wieder vill Leit aus der Emgéigend an d’Schwämm kommen? De Bor., esou konnte mir liesen, as géint e Parkhaus um Schweinsmoart, wéinst dem Wäifest an aneren Veranstaltungen. Schléisst dat eent dat anert aus? Dat kinnt een Etude vum ganze Site ergin, dee Bestanddeel vun der Zentrumsgestaltung wier!

Am Interessi vun de Maacher Awunner a vun de Geschäftsleit am Zentrum se mir der Meenung, datt et absolut ubruet as, sech all déi Iwerleeungen ze machen a vu Spezialisten e goude Rot unzehollen. Vläicht kënne mir iis jo dann, a voller Kenntnisnahm vu Vir- an Nodeeler, op een gemeinsam Marschroute eenegen!! Am Interessi vun eener gesonder Weiderentwécklung vu Maacher…

Ee Wuert zu den Dépenses ordinaires:

Grad wéi am B.R. 2017 geet och am B. 2018 d’Ausgowesäit nees kräfteg erop! Ze kräfteg, wéi mir fannen: vum Kont 2016 op de Budget 2018 em net manner wéi 13,2%

An nees sen et d’Staatsrecetten, déi de Budget Ordinaire dank Gemeenefinanzreform retten.

Beim Taux vun der Gewerbesteier muss d’Gemeen goud oppassen, wat se an deene kommende Joeren ënnerhëlt, am Kontext mat der Neiusiedlung vu Betrieber am ‚financial district‘ op Potaschberg: den héijen Taux vun 300 % kinnt interesséiert Betrieber, déi vill Gewerbesteier missten a giffe bezuelen, devun ofhalen, sech do unzesiedlen. Soss wäerten et éischter Betrieber aus der Branch vun de Fongen sen, déi kaum Gewerbesteier bezuelen.

Mir wënschen dem Schäfferot een glécklech Hand, mir wëllen natiirlech, dat Maacher dorech e sou een Realisatioun, déi sëcher méi Verkéiersopkomme bréngt, och méi Recetten generéiert.

Datt de Schäfferot d’Ausgowen bäi wäitem net esou am Grëff huet wéi een iis wëllt virmachen beweisen folgend puer Beispiller, woubäi ech mech op e puer Kapitel wëll beschränken, et sen der a Wërklechkeet nach vill méi:

Gemeeneschold: iwer 500.000€ méi an eem Joer!

Gestion des déchets: no op 50.000 € méi vum B.R. 2017 op de B.2018 an esou guer 82.000€ méi an 2 Joer: Fro: winni mussen d’Leit nees méi héich Müllabfuhrtaxen bezuelen?

Hot City: wann ech dat richteg am Budget interprétéierem huet déi Installation iwer 200.000€ koost, an jährlech faalen 16.000 € un. An dat fir e Service, deen nom ewechfalen vun de Roaming Gebühren wuel nëmmen nach winneg genotzt get.

Zum Schluss ee Wuert zu den Dépenses extraordinaires:

Feststellung: Am B.R. 2017 se grad emol 55% vun de montants autorisés emgesat gin!

Am Budget 2018 fanne mir 23 Mio € Investitiounen als onrelistesch, grad esou wéi den Emprunt vun 14.220.000 €. De Bor. huet iis jo bei seiner Präsentatioun vum Budget gesot a schrëftlech virgeluet, datt an deenen letzte 6 Joer 26.580.000€ ageschriwen Emprunts net gebraucht gi sen. Dat erweckt net grad Vertrauen an d’Rechekonst vum Schäfferot.

Wann et dann esou wier wéi de Schäfferot iis virrechent, da giff d’Gemeenschold vu 15 Mio op 28 Mio € an eem Joer an d’Luut gon, wat heescht, datt d’pro Koop Verschëldung da vun 3.200 op 5.700 € giff erop gon, dat as nobäi Landesrekord.

D’DP Maacher seet: dat se genoug Explikatiounen déi erklären, firwat d’DP Fraktioun am Gemeenerot weder de B.R. 2017 nach de B.2018wäert matdron.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, René Sertznig, Patrick Frieden

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp