Gréiwemaacher

B.R. 2018 a Budget 2019: Stellungnahm vun der DP Fraktioun:
Claude Wagner, René Sertznig a Patrick Frieden

Aleedend wëll ech drop hiweisen, datt ech is Stellungnahm zwar virdroën, datt se awer vun is dräi, dem Claude, dem Patrick a mir zesummen opgestallt gin as a mir als DP Fraktioun natirlech geschlossen dozou stoën.

Een weider Remark: mir gin elo net getrennt op de B.R. 2018 an op de Budget 2019 an: is Stellungnahm betrëfft zum groussen Deel di 2 Dokumenter.

Di an isen Aaën wichtechst Feststellungen gläich vir ewech geholl:

  • zum Budget ordinaire: een besser Gestioun giff een héich Verschëldung, wéi d’Gemeen Maacher se opweist, verhënneren!
  • zum Budget extraordinaire: hei kënnt debäi, datt d’dépenses extraordinaires oni irgend een erkennbar Prioritéit mam breede Griffel an de Budget geschriwe gin!

Zréck zum Budget ordinaire:

een besser Gestioun giff een héich Verschëldung, wéi d’Gemeen Maacher se opweist, verhënneren!

Positiv Mossnahmen vun der Regierung fir d’Gemeenefinanzen, e favorabel wirtschaftlech Ëmfeld a – kurzfristeg gekuckt, da brauch de Boregemeester et ne ze soën – en héije Gewerbesteiersatz vun der Gemeen – erlaben et zurzäit iwer héich recettes ordinaires ze verfügen. Zënsen em di null Prozent kommen den Ausgowen zu goud.

Grad esou Zäiten sollen a missten genotzt gin fir Reserven ze schafen fir gréisser Investissementer déi ustin!

Mee grad do hapert et bei iser Gemeeneféierung! Anstatt de Budget ordinaire vu vir bis hannen ze dorechforsten, an onnéideg Ausgowen ze vermeiden, get einfach monter mat der Géisskan verstreet:

  • z. Bsp.: Personalpolitik   vum Kont 2017 op de Budget 2019: + 11,16%
  • z. Bsp.: Allgemeen Verwaltung: vum Kont 2017 op de Budget 2019:+ 34,16%
  • z. Bsp. Loisirs, culture et culte: vum Kont 2017 op de Budget 2019: + 21,21%
  • z. Bsp: Situatioun vun den Emprunts: vum Kont 2017 op de Budget 2019: + 97,08% resp. vum rect. 2018 op de Budget 2019 em bal 66%                              

d’pro Koop Verschëldung klëmmt bis Enn 2019 laut Berechnung vum Schäfferot op iwer 6.000 € pro Awunner.

Zum Budget extraordinaire: just e puer Beispiller woù mir is froën, ob déi Projeeën wërklech absolut prioritär an an där Gréissenordnung musse sen:

  • 250.000€ fir een nei Kleederstuff
  • 550.000€ fir en neien Tobogan op der Piscine
  • 100.000€ bannen 2 Joer fir Paaneauë fir de Wäintourismus
  • 250.000€ fir e Comptoir op der Phase II vum Moart
  • 105.000€ fir e 4. Tennisfeld an der Hal op Flohr
  • Is Prioritéite sen, fir dat kloer zum Ausdrock ze bréngen, fir déi kommend Joeren:
  • De Plan d’Aménagement Général (gesetzlech virgeschriwen)
  • D’Moartplatz Gestaltung am Zentrum vu Maacher
  • De neie Centre Culturel fir Kulturveräiner a Musikschoul mat ënnerirdeschem Parking an den Alentourën um Schweinsmoart
  • De Wunnungsprojet Pietert
  • D’Upassung vun de Schoulinfrastrukturen an de Wee ze leeden, vu datt Maacher an deene kommende Joeren un Awunner, dovun een etlech Kanner, wäert zoùhollen
  • An eener Rei Strossen d’Infrastrukturen unzepassen
  • An och de Waasser Quelleschutz

Wann dann nach finanziell Moyens bleiwen – an eréicht dann – kënnen iser Meenung no och aner Réalisatiounen an d’Aa gefaasst gin.

Elo muss ee jo dobäi nach bedenken, datt jo schon een etlech Projeeën de Moment op de Wee bruet gi sen, déi och nach e finanzielle Néierschlag an deene kommende Budgetën iwer 2019 eraus wäerten hun, wéi z. Bsp.:

  • D’Sanéierung vun der Ruederbaach
  • D’Wunnechten op Nr. 29 bis 31 an der Syr
  • Den ënnerirdesche Parking „Rempart“, am Projet vun der SNHBM
  • D’Neigestaltung vun der Webergaass
  • De Quelleschutz Geyeschhuef
  • D’régional Musikschoul am Osbourg Haus

Eleen bei deene Projeeën schweetze mir schon vu wäit iwer 10.000.000€ déi iwer 2019 ewech ze finanzéiere bleiwen!

Mat wéi eene Gelder sollen dann all déi Projeeën, déi ech elo opgezielt hun, finanzéiert gin? Do gi 5 Mio ordinaire Boni net méi duer! An irgend een Kéier as d’Kapazitéit vun den Emprunts erschöpft…. Een immens Belaastung déi de Schäfferot do där zukünfteger Generatioun opleet!

An dann därf nach keen Rézessioun kommen! An d’Scholdzënsen därfen net an d’Luut gon… wéi sëcher as dat dann?

Mir sen der Meenung, datt dat kommend Joerzéint fir Maacher alles anescht wéi einfach get! An dat, weil de Schäfferot et net fierdeg bréngt, ëmsichteg ze plangen a kosequent déi Projeeën emseetzt, déi fir d’Zukunft vu Maacher wërklech wichteg sen.

Aus all deene Grënn stëmme mir 3, de Claude, de Patrick an ech, esou wuel géint de Budget rectifié 2018 wéi och géint de Budget 2019.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, René Sertznig, Patrick Frieden

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp