Gréiwemaacher

B.R. 2021 a Budget 2022: Stellungnahm vun der DP Fraktioun:
Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig

Am Virfeld vun den Budget Diskussiounen wëll ech am Numm vun der DP-Fraktioun allen Mataarbechter Merci soen fir déi geleesten Aarbecht während dem alt erëm zimlech komplizéierten Joer wou mir am Summer gemeent haten Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, an elo an der Wanter Zäit erëm méi Schwiereg Zäiten op iis duer komm sinn. Och Merci allen Matwierkenden zum opstellen vun dësem Budget.

Bedéngt awer dat Käschten am ordinairen Budget 2022 an eisen Aen aus dem Rudder lafen, Käschten fir weider Personal ëmmer weider an Luucht ginn. Kënnen mir dësen Budget nët mat stëmmen.

Am Budget rectifié sin ongeféier 2.000000 méi un Recetten wei erwaart duerch eng besser wiertschaftlech Situatioun esou muss en der aktueller Regierung en Luef aus schweetzen dat beim Staat esou goud gewiertschaft gouf trotz schwieregen Konditiounen.

Mir drohen den Budget rectifié 2021 den Corona Budget mat, well den Schäfferot sech un Prioritéiten gehalen huet an wei den René an senger Ried vum leschten Joer gesot hat ass Handschrëft vun der Maacher DP däitlech ze erkennen dëst zemools beim Haaptprojet vum neien Centre culturel wou jo dëst Joar duerch divers Ëmstänn deen vun Ufank un vun der DP gefroten ënnerierdeschen Parking nach vergréissert gëtt.

Bei den Dépensen Ordinaire rectifie seet den Burgemeester den Schäfferot hätt goud gewiertschaft, dann däerf Fro erlaabt sinn firwat brauchen mir dann an Zukunft en Finanzexpert? Affaire à suivre…

En groussen Deel vum ordinairen Budget gëtt belaast duerch Masse salariale déi am Budget ordinaire 22 weider wiisst, hei en dréngenden Appel, opzepassen et kommen an Zukunft nach bestëmmt eng Rei Posten wei Conciergen bäi wann ënnert anerem Museksschoul am Osburghaus an den Centre Culturel mol bis fäerdeg sinn. Gelder déi den Budget ordinaire weider belasten.

Vergläicht een am Budget 2022 Differenz un Recetten ordinaire  mat den Differenzen un Depensen ordinaire mat dem Rectifié vun 2021 stellt een fest dat

Recettes em 651 513,71€ klammen an
Dépenses klammen awer em 2 533 460,06€

Och wann en Iwwerschoss bleift ass nëmmen ze hoffen dat Prognosen an Tendenz wei den Ministère se am Circulaire matdeelt och esou antrieden an wei schonn gesot dat mir nët kënnen an deem Rhythmus weider fueren.

Am Budget 2022 as nees ganz vill “nice to have”.Dat mécht is Sorgen: Suën, déi mir ausgin, feelen fir den Haptprojet fir déi kommend Joeren: den Aménagement vun der Moartplaz, Phase 3.
An deem Zesummenhang erënneren ech nach een Kéier un déi falsch Décisioun betr. An- an Ausfoart vum Parking Rempart: leider get de ganzen Verkéier dorech den Zentrum iwer d’Moartplaz geleet.

Mir kënnen net onendlech Suë léinen! Iwerraschungen bei Devis’ën bleiwen leider net aus. Ech erënneren un dee rézenten Supplementardevis vum Osburg Haus. Mir mussen Spielraum loossen, an onbedéngt een Réserve behalen fir di een oder aner Iwerraschung, déi am Kader vun eem Projet kann opdauchen. Esou z. Bsp. beim Centre Culturel…. net, datt de Projet aus finanzielle Grënn an d’Stocke geréit… D’Economie as an eener onsécherer Phas, duerch Covid, duerch fehlend Materialien, duerch Retarde bei Liwerungen asw. Deem misst de Schäfferot Rechnung dron!

An dofir brauch ee kee Finanzexpert, dat as een ganz einfach politesch Iwerleeung an een Décisioun, déi de Schäfferot mat seiner Majoritéit bedenken an aplange muss!!

Mir gesinn et un der Aufgab vum Schäfferot grad en ordinairen Budget Punkt fir Punkt duerch ze kämmen an konkret Artikelen erauszesichen déi gekierzt kënne ginn oder esouguer gestrach. Fir en Finanzexpert anzestellen deen den Budget zousätzlech belaast fannen mir iwwerdriwwen an nët néideg. Dat soen nët nëmmen mir, dat fannen och Bierger. Nët alles wat Stiét mat iiser gréisst hunn mussen mir och kréien.

Wat den Extraordinären Budget ugeet stellen mir iis d ‘Fro an bestëmmt och Bierger beim Haus 3, Place du Marché firwat en esou en groussen Montant fir weider Aarbechten un dem Haus dat ass dach ganz renovéiert. Muss dat wierklech sinn, géif et hei nët mat manner Mëttelen oder eventuell aner Ëmstrukturéierunge méi bëlleg ginn.

Fir divers Punkten am Extraordinären sinn mir gären averstanen zemools eng Rei Projeten déi mir matdroen respektive proposéiert hunn, berücksichtegt ginn.

Géif separat iwwer den extraordinären Budget ofgestëmmt ginn, kinnten mir iis virstellen den Budget mat ze stëmmen. Bedéngt awer dat Käschten am ordinairen Budget an eisen Aen aus dem Rudder lafen, Käschten fir weider Personal ëmmer weider an Luucht ginn. Kënnen mir dësen Budget nët mat stëmmen.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, Patrick Frieden, Claire Sertznig

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp