Gréiwemaacher

B.R. 2023 a Budget 2024: Stellungnahm vun der DP Fraktioun zum Budget:
Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig

Als éischt wëll ech allen Matarbeschter vun der Stad Maacher Merci soen fir Zesummeschaffen während dem ganzen Joar an déi geleesten Arbescht fir den Déngscht um Bierger. Merci och fir zesummestellen vun dësem Budget. Merci och allen Mataarbechter aus der Administratioun dat se trotz groussen Changementer der Maacher Gemeen Trei bleiwen.

An der Ried zum Budget schwëtzt Mme Borgemeester bei der Konklusioun vun engem BONI

Ech zitéieren:
Mat engem Netto Resultat vun +8.298.754 € stinn d ‘Finanzen vun eiser Gemeen weiderhin op stabille Been.

De Budget ass een Zuelen Dokument a keen Zuelen Spill

Wann am Budget rectifié 2023 en Emprunt vun 12.000.000€ opgeholl gëtt an et seet en dann dat en e BONI vun ronn 8.000.000€ gemaach huet. Dir hätt jo och kënnen den Emprunt op 16‘000‘000€ hëcken. Da wär de ‚Boni‘ mat 12‘000‘000€ nach besser ausgefall. Sou kann ee sech ë Budget och schéi rieden. An iisen Aan kann een do nët vun Finanzen op stabille Féiss schweetzen. Dat wär wéi wann Leit am Privaten en Prêt ophuelen fir dobaussen ze Zielen dat se vill Geld um Kont hun

Den Budget ass en Zuelen Dokument an keen Zuelen Spill

Prokapp Verschëldung:

2023
Objektif gekuckt huet d‘Stad Maacher op den 31.12.23 eng Schold laut dem Schöffenrot vun 35.754.369,49€, den Emprunt deen 2024 opgeholl gëtt däerf hei nët matgerechent ginn. Esou kënnt een op eng Pro Kapp Verscholdung bei 5172 Awunner vun 6914€

2024
Op den 31.12.2024 huet d‘Stad Maacher laut den Berechnungen am Budget eng Schold vun 54.977.696,53€. Wa mir unhuelen, dat dann 100 Leit méi hei zu Maacher wunnen, esou kënnt een op eng pro Kapp Verscholdung bei 5272 Awunner vun 10.429€ pro Awunner.
Mat der pro Kapp Verscholdung vun 10429€ leien mir bei deene Gemeenen am Land déi die héchsten pro Kapp Verscholdung hunn, dës Zuelen sinn erschreckend an misst een zum nodenken bréngen.

An der Budgetsried gëtt dervun geschwat dat pro Kapp Verscholdung am Joar 2023 erofgaangen ass, mee Enn 2024 wäert se dann awer massiv eropgoen! Am Verglach vun 2013 ass pro Kapp Verscholdung vun deemols 2527€ op dann Enn 2024 op ë Rekord vun 10429€ geklomm – virausgesat, de Schäfferot seetzt all Projeeën em, deen en an de Budget agedron huet. Soss seet d’Mme Boregemeester an eem Joer: mir hu manner pro Kapp Verscholdung wéi virgesin.

Eng Prokapp Verschëldung seet nët alles aus, an awer?

Zu den Prioritéiten

Wuel verstan : déi Prioritéiten, déi d’Mme Boregemeestesch opgezielt huet an déi wichteg sen fir di zukünfteg Generatiounen a fir e goude Fonktionnement vun de kommunalen Infrastrukturen droë mir mat. Daat sën an isen Aën: de neien Kulturzentrum mat Infrastrukturen fir d’lokal Veräiner an d’Musikschoul a mat ënnerirdeschem Parking, d’Erneierung vum Schweinsmoart, den Ausbau vun de Schoulinfrastrukturen, d’Neigestaltung vun der Moartplaz, d’Firdegstellung vun der Muselpromenad, en neien Gemeenenatelier, de Projet PAP ënnert dem Pietert an d’Promotioun vun Dokteschpraxen mat urgence Déinst 7 Deeg op 7. . Wat doriwer eraus geet, muss woarden respektiv a Fro gestallt ginn. w. Weil: de lichtfankegen Ëmgang mat de Gemeenefinanzen an deene letzten 12 Joer erlabt et haut einfach net méi, oni di zukünfteg Generatiounen ze starék ze belasten, een Rei vun « nice to have » Projeeën unzegon. Hei huet de Schäfferot manifest d’Iwersicht verluer.

Ech wiederhole mech net gär an dach: Den Budget ass en Zuelendokument an keen Zuelenspill.

Personalkäschten

En anere wichtege Faktor an deem Kontext as d’Personalfro. Wann d’Gemeen zevill an alles gläichzäiteg an Ugrëff hëllt, dann entsteet een Iwerfuerderung, an déi geet dann zu Kästen vun der Gesondheet vum Personal. An ëmmer méi an nach astellen léist dee Problem och net a verschlëmmert doriwer eraus d’finanziell Situatioun vum Budget. Käschten beim Personal ginn vum Budget 2023 op den Budget 2024 em iwer 35% an Luucht, + 3.000.000€ dat nët nëmmen duerch Indextranchen.

En weideren City Manager?

Ass d’astellen vun engem Sportskoordinator eng Prioritéit?

Hei mussen Veräiner nët nëmmen mat agebonnen ginn, hei mussen och all Veräiner dermat anverstaanen sinn. Soss gëtt Förderen vum Bénévolat mat Féiss getrëppelt. Veräiner sinn organiséiert. Et feelt hinnen meeschtens un gutt ausgebilden Träiner, an dës kommen och nëmmen wann Encadrement stëmmt. Wéi soll en Koordinator dat bei all Veräin selwecht
handhaben. Ass et nët méi Sënnvoll den Veräiner finanziell ze hëllefen, dat ass Fro déi een den Veräiner muss stellen, brauchen Veräiner en Koordinator?

Centre culturell

Am September 2024 gëtt den neien Centre culturel mat Liewen gefëllt, déi éischt Iddeen vun Artisten déi Bühn betrieden sollen, hunn mir virgestallt kréit. Finanziell gesinn fir déi 4 Méint vun September bis Dezember soll dat Gemeen 370.000€ koosten an et sollen 225.000€ Recetten ginn. Dat entsprécht fir 4 Méint en Defizit vun 145.000€ wéi geet dat duerno weider mat den Käschten? Mir wëllen och dat an Zukunft Bühn mat Top Engagementer gefëllt gëtt. Warnen awer dat den Management extrem wichteg ass an nët an dem Mooss kann an däerf weider gewirtschaft ginn! Wéi ass et mat enger Joint venture mam Kulturhuef?

Fir den Ofschloss nach ë Blëck an d‘Zukunft.

Weil do gesi mir och nach all déi fir d‘Gemeen wichtëg Projeteën, déi hëchstens mat eem Deel vun de frais d‘étudën am Budget 2024 dra stinn. Ze nennen wieren elei: Embau/Ausbau vun der Maison Relais an der Schoul, den Atelier Communal, d‘Phase 3 vun der Muselprommenade, d‘Erneierung vun dër Moartplatz.

De Budget 2024 gesäit grad emol ë Boni ordinaire vun 652‘000€ vir. A wéi gesot klëmmt d‘Prokop-Verschëldung 2024 schonn op ni geahnten Héischten.

Madame Borriëmeestësch, sot is w.e.g: Wéi soll di Maacher Gemeen dat stemmen. An zwar ouni am Budget ordinaire an d‘Labrenten ze kommen? Fir is ass op d‘mannst kloar, a mir ginn och nët midd daat ze widderhuelen. Dat d‘Zäiten fir der Majoritéit hir nice-to-have Projetën elo definitiv eriwwer sënn.

D‘Zäiten fir der Majoritéit hir nice-to-have Projetën ass elo definitiv eriwwer

Dofir, Madame Borriëmeestësch: Sorrëcht an Zukunft w.e.g. defir, datt d‘Finanzpolitik kee Spill méi ass, fir daat di zukënfteg Generatiounen mussen d‘Rechnung blechen.

Mir als DP stëmme géint de Budget rectifié 2023 a géint de Budget 2024.

D’Gemeeneréit, Membren vun der DP Maacher:
Claude Wagner, Patrick Frieden, Claire Sertznig

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp