Contern

[LU] Wéi eng Finanz- an Investissementspolitik fir d’Conter Gemeng?

[LU] [DE] [FR] [EN]

D’DP hat am Juni de Schäfferot no engem Zäit- a Käschteplang fir déi lafend a kommend Projete gefrot, wëssend, datt dëst momentan net bis an de leschten Detail méiglech ass. Bis haut krute mir allerdéngs keng zefriddestellend Äntwert.

De Budget 2023

Mir hu probéiert, eis dës Froen duerch de Budget 2023 selwer ze beäntwerten. D‘DP huet dee Budget wéinst folgende Punkten net matgestëmmt:

  • De Budget ordinaire ass mat ronn 770.000 Euro just liicht excédentaire. D’Depensë wuessen däitlech méi séier wéi d’Recetten. Déi konstant wuessend Personalkäschte sinn novollzéibar. Et ginn awer Posten, op deene kéint agespuert ginn. Mir hu gefuerdert, dës am Detail z’analyséieren, fir d’Käschten ze drécken.
  • Dee klengen Excedent geet bei wäitem net duer, fir déi 2,15 Mio. Euro Defizit am Budget extraordinaire ze stemmen. D’Recettë fousse gréisstendeels op dem Verkaf vun Terrainen am PAP Contern Sud (8,4 Mio. Euro) an op enger Neiverschëldung (6,5 Mio. Euro).
  • Verschidden Depensen sinn noutwenneg a gi voll a ganz vun eis ënnerstëtzt, beispillsweis:
    • 1,85 Mio. Euro fir d’Ofwaasserinfrastruktur
    • 3 Mio. Euro fir d’Waasserversuergung
    • 2,25 Mio. Euro fir abordabele Wunnraum
  • Eng Rei Punkte sinn awer just mat engem Brochdeel vun de finale Käschten erëmzefannen:
    • Renovatioun Conterstuff: 1,5 vun am Ganze 6 Mio. Euro
    • Nei Sportshal: 2,5 vun am Ganze 15 Mio. Euro
    • Ausbau Schoul: 1 vun am Ganze 14 Mio. Euro
    • Frais d’études Nei Gemeng: 400.000 Euro, finale Käschtepunkt ongewëss

Dëst ass ee Budget, deen duerch eng Neiverschëldung an duerch de Verkaf vun Terraine finanzéiert gëtt, just ee Brochdeel vun de Käschte vu ville Projeten enthält, an trotzdeem ee groussen Defizit opweist.

Wat ass de Plang fir déi nächst Joren?

Weider Deeläntwerten huet de Plan Pluriannuel Financier (PPF) 2023-2028 geliwwert. Deemnächst wäerte weider Projete fir ee Gesamtmontant vun 78 Mio. Euro dobäikommen.

De Schäfferot ass net op d‘Fro agaangen, wéi eng Projete genee geplangt sinn, obwuel de PPF
op enger detailléierter Oplëschtung baséiert, déi ons virenthale ginn ass. Dëst interpretéiere mir als Intransparenz géigeniwwer dem Gemengerot an de Bierger. Eng weider Neiverschëldung steet un, déi bei där aktueller Verschëldung deelweis ze veräntwerten ass. Dës wäert sech bis 2028 op 32 Mio. Euro erhéijen; eng Verdueblung vun der haiteger Situatioun.

Der Question parlementaire 7374 no beleet eis Gemeng déi véierte Plaz am Land, wat d’Recetten aus dem Verkaf vun Terrainen d’lescht Joer ugeet, an ons Gemeng ass laang net déi Gréissten. Et wäerten awer weider Terraine musse verkaf ginn. Dobäi handelt et sech wuel gréisstendeels ëm Filetsstécker, wéi z.B. bei der aler Hal zu Conter oder Deeler vum Park zu Mutfert. Dës Plaze sollen an ëffentlecher Hand bleiwen. Liewenswäert Espace solle geschaf ginn/erhale bleiwen, well se am ëffentlechen Interêt fir sportlech oder kulturell Aktivitéite genotzt ginn. Sollten dës verkaf ginn, muss d‘Offer enzwousch anescht kompenséiert ginn, wat weider héich Investissementer mat sech bréngt. Déi sinn aktuell net ageplangt an hu scheinbar keng Prioritéit.

Ausserdeem gesi mir ee Widdersproch zum Kaf vun der Conterstuff. Dës gouf ë.a. wéinst dem Terrain an der zentraler Lag kaf. Dowéinst hu mir de Kaf matgestëmmt. Allerdéngs plangt de Schäfferot elo de Verkaf vun Terraine ronderëm, fir d‘Projeten ze finanzéieren.

Eis Virschléi

  • Ee méi groussen Iwwerschoss am Budget ordinaire, beispillsweis duerch d‘Iwwerpréiwe vun Entretiens- a Lizenzkontrakter an duerch eng Analys vun de Fonctionnementskäschten. D’Vertrieder an de Syndikater mussen d’Ausgabe vun dësen analyséieren a kontrolléieren.
  • D‘Iwerpréiwung vu geplangte Projeten. Mir deele beispillsweis d’Meenung, datt zousätzleche Raum fir d’Gemengeverwaltung muss geschaf ginn. Allerdéngs fuerdere mir weiderhin, den Ausbau vum Gebai ze préiwen amplaz een Neit ze plangen. Dës Analys ass wichteg, fir weider dréngend Investissementer ze finanzéieren (z.B. een neie Pompjeesbau).
  • D‘Opstellen an d’Verëffentleche vun engem Zäit- a Finanzplang, deen d’Besoine vun all eisen Dierfer berécksiichtegt. D’Finanzpolitik vun dëser Legislaturperiod – an dat, wat de Schäfferot plangt – limitéiert quasi all gréisser Investissementer an der Uertschaft Conter.
  • Eng Analys vun de villen Etudekäschten a kucken, wou agespuert ka ginn. Ass et villäicht méi bëlleg een Expert an de Gemengefinanzen anzestellen, wéi all Joer dee sëllege Consulting ze bezuelen?
  • Zäit a Sue spueren duerch eng besser Chantierskoordinatioun.


Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp