Gréiwemaacher

De Gemeenebudget am Kontext vu der Coronakris

Bedéngt dorrech d’Coronakris wäert d’Gemeen Maacher  fir d’Joar 2020 zirka 3,6 Mio € manner Staatsgelder (Gewerbesteier an Dotatioun vum Staat) krinn. Fir 2021 verbessert sech d’Situatioun liicht, awer un een Situatioun wéi viru Corona ass nach net ze denken.

Zënter Joaren huet d’DP Maacher ëmmer nees dem Schäfferot nogeluet, sein Politik no kloare Prioritéiten auszeriichten ! Dat huet de Schäfferot dann elo, no 9 Joar am Amt, endlech och erkannt an huet (zesumme mat Gemeenerot a Finanzkommissioun) fir d’Joar 2021 e Budget opgestallt, an deem d’DP Maacher sech erëmfënd. Dofir hu mir dem Schäfferot esou guer felicitéiert. Zwar kënne mir net all Punkten am Budget goud heeschen, wéi z. Bsp. d’masse salariale oder d’Situatioun vun den Emprunte, déi vun den Decisiounen vun der Majoritéit aus de Virjoaren ofhänken. Am Groussen a Ganzen ass awer kloar ze erkennen, datt elo déi richteg Prioritéite gesat gi, mat dem Haaptprojet Centre Culturel, deen ganz kloar der DP Maacher hir Handschrëft matdreet an den natierlech di kommend Joaren de Budget wäert belaasten.

Et ass och wichteg, grad elo, an der Kris, ze investéieren, an zwar a Projeeën, vun deenen di kommend Generatioun eppes huet. Nieft dem Centre Culturel sënn dat d’Fierdegstellung vum Osbourg Haus a vum ënnerierdesche Parking Rempart, de PAP Pietert, Sozialwunnechten oder de Kaf vun Haiser fir den zukünftegen Ausbau vun de Schoulinfrastrukturen an der Maison relais.

D’Coronakris verlaangt no Solidaritéit an der Gesellschaft an och an der Politik !
Déi Maacher DP weist sech solidaresch a freet sech, datt se beim Schäfferot endlech op Versteesdemech trëfft. Esou datt mir an der Solidaritéit zesumme Maacher no vir bréngen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp