Konferenz mam der Ministesch Yuriko Backes iwwer Défense

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg fir déi europäesch Verdeedegung?

Dës Fro wëlle mir zesumme mat der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes diskutéieren a mat Iech iwwert d’Zukunft vun eiser Sécherheet, eiser Arméi an eisem Engagement an Europa an der NATO schwätzen.

📅 Donneschdeg, 24. September 2026
🕡 18h30
📍 Hesseschapp zu Dikrich (14, rue des Halles)

D’Welt verännert sech an domat och d’Ufuerderungen un eis Sécherheet. Lëtzebuerg iwwerhëlt dobäi Verantwortung an der europäescher Verdeedegung.

Bréngt är Froen an Iddie mat, diskutéiert mat a loosst eis zesummen iwwer d’Perspektive fir Lëtzebuerg schwätzen.

Mir géifen eis freeën, Iech den 24. September zu Dikrich ze begréissen!

DP Dikrich

Flyer : DP Diekirch – Yuriko Backes

 

Date
24 Set 2026
Time
18:30 - 20:30
Labels
Event
QR Code