Gilles Baum

Gilles Baum

Osten, Fraktiounspresident, Deputéierten, Gemengeconseiller

De Gilles Baum ass 2013 an d’Chamber gewielt ginn. Zanter 2020 ass den Ost-Deputéierte President vun der DP-Fraktioun. Den Enseignant ass President vun der Educatiounskommissioun a vertrëtt an der Chamber d’DP-Positioun zum Budget a zu verschiddene Gesondheets-Dossieren. Wärend der Covid-Pandemie huet de Gilles Baum mat sachlechen Interventiounen zum Krisemanagement vu sech schwätze gedoen. Am Lënster Gemengerot war de Gilles Baum bis 2020 Schäffen an ass zanterhier Conseiller.

Suivéiert de Gilles Baum an de soziale Medien

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land
D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Mental Gesondheet

Am Kader vu senger Interpellatioun an der Chamber huet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum sech mam Psychiater Dr. Paul Hedo ë.a. iwwert d’Preventioun vu Suicide an d’Belaaschtung vun der Covid-Kris ënnerhalen.

Kaffispaus - Mental Gesondheet

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Hunn d’Retarden bei der Präisfixéierung een Impakt op den Accès vun de Patienten zu neie Medikamenter?
Den DP-Deputéierten Gusty Graas, Carole Hartmann a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt am Ministère fir Sozialversécherung d’Prozedur fir d’Präisfixéierung vun neie Medikamenter geännert huet. Doduerch kann et zu Retarde kommen, bis een neit Medikament...