Corinne Cahen

Corinne Cahen

Zentrum, Familljeministesch, Ministesch fir d'Groussregioun

D’Corinne Cahen ass zanter November 2015 DP-Presidentin. Si ass 2013 eng éischte Kéier bei Chamberwalen ugetrueden an ass direkt gewielt ginn. Zënter Dezember 2013 ass d’Corinne Cahen Ministesch fir d‘Famill an d‘Integratioun a Ministesch fir d’Groussregioun. An där Funktioun setzt si sech besonnesch fir déi sozial Kohesioun an d’Vereenbarkeet vu Famill a Beruff an. Reformen, wéi den neie Congé parental oder den REVIS, goufen ënnert der Ministesch Corinne Cahen op de Wee bruecht an ëmgesat. Wärend dem Confinement huet si sech permanent fir d’Besoine vun deene méi eeleren a méi vulnerabele Mënschen agesat.

Suivéiert d'Corinne Cahen an de soziale Medien

„Integratioun ass kee Sens unique“
„D’Zesummeliewe geet eis all eppes un. All zesumme si mer staark, fir en nach méi staarkt Lëtzebuerg weider ze plangen”, esou d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen bei der Chamberdebatt iwwer d’Integratiounspolitik zu Lëtzebuerg.
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Aarbecht & Liewen

Déi 1. Episode mat der Familljeministesch Corinne Cahen & Nora Back – Generalsekretärin vum OGBL a Presidentin vun der Chambre des Salariés, geet iwwert de Sozialdialog, d‘Work-Life-Balance an d’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft.

Kaffispaus - Aarbecht & Liewen

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video