Mamer

Eise Walprogramm – Fir eng modern an innovativ Gemeng

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Ons schéi Gemeng huet sech an deene leschte Joren staark entwéckelt. D’Awunnerzuel ass gewuess an et sinn och ëmmer méi Leit aus anere Länner, déi mir bei ons begréisse kënnen. Dee Wuesstem bréngt eng ganz Rei vun Erausfuerderunge mat sech, iwwer déi d’DP Gemeng Mamer sech permanent Gedanke mécht a sech ustrengt, fir Léisungen ze fannen.

Léisunge fir d’Zesummeliewe vun alle Biergerinnen a Bierger vu Mamer, der Cap, Capellen an Holzem ze verbesseren.

Léisunge fir jidderengem en héije Liewensstandard ze erméiglechen a mat den digitale Méiglechkeete vun haut qualitativ héichwäerteg Déngschtleeschtungen unzebidden.

Léisunge fir d’Mobilitéit an der Gemeng an doriwwer eraus ze verbesseren, fir Mamer attraktiv fir wirtschaftlech Aktivitéit ze halen a säin touristescht Potenzial besser auszeschëpfen.

Fir d’DP Gemeng Mamer ass kloer, dass déi Léisunge am Respekt vun der Natur entwéckelt musse ginn, an am Bestriewe, géint de Klimawandel unzekämpfen.

Et ginn natierlech Erausfuerderungen, déi mir iwwer d’Grenze vun onser Gemeng eraus mussen ugoen. Doru schafft d’Demokratesch Partei, déi an der Regierungsverantwortung steet, op nationalem Plang. D’DP Gemeng Mamer, déi gutt vertrueden ass a regionalen an nationalen Gremie vun der DP bedeelegt sech natierlech och un de Léisunge fir dës national an esouguer international Erausfuerderungen.

Op deene nächste Säiten fannt dir eis Léisungen, déi mir am Interessi vun alle Matbiergerinnen a Matbierger ëmsetze wäerten, wa mir an déi politesch Verantwortung kommen. Eis héich motivéiert15 Kandidatinnen a Kandidaten si bereet, Verantwortung ze iwwerhuele fir eng modern an innovativ Gemeng Mamer, an der et sech gutt liewe léisst. Zéckt net, fir mat eis doriwwer ze diskutéieren an ënnerstëtzt d’DP Gemeng Mamer bei de Gemengewalen den 11. Juni mat Äre Stëmmen.

Villmools Merci!

Jessica Klopp, Sven Bindels

Spëtzekandidaten

Klickt w.e.g. op déi verschidde Iwwerschrëften fir déi detailléiert Iddien an deem respektive Kapitel ze gesinn.

Kapitel 1: D’Zesummeliewen an der Gemeng stäerken

Famill, Kanner a Jugend

Bildung, Kannerbetreiung a Schoul

Alter a Soziales

Een attraktiivt Gesellschaftsliewen

Sport a Kultur

Zesummeliewen a Gläichstellung

Eng propper a sécher Gemeng

Kapitel 2: Eng zukunftsorientéiert Gemengeninfrastruktur

Mobilitéit

Wunnen

Kapitel 3: Eng nohalteg Gemeng

Energie a Klima

Kapitel 4: E liewenswäert a modernt Liewen an der Gemeng

Eng digital, biergerno an transparent Gemeng

Betriber

Gemengefinanzen