D’Escher DP organiséiert den 16.05., samschdes owes um 19:00 Auer, déi zweet Editioun vum Quizowend an der Brasserie Terres Rouges zu Esch (36, Rue d’Audun).
Umeldung bis den 13.05. Umellen kann een sech per E-Mail op christian@klein.lu an duerch d’Iwwerweisung vum Betrag op dës Kontonummer: LU25 0030 4341 3291 0000.
Et ginn Präisser fir déi éischt dräi Plazen souwéi Medailen. D’Teams bestinn aus 4 Persounen. De Präis fir d’Participatioun um Quiz an/oder d’Iessen läit bei 40 Euro.
De Menü ëmfaasst:
- Amuse-bouches
- Pizza-/Pasta-Buffet (verschidde Pizzen, 4 verschidden Zorte Nuddelen an 4 verschidde Zoossen)
- Digestif (Amaretto oder Limoncello)