Jonglënster

Ons Ekipp, dat si 7 Dammen, 6 Männer, mat enger breeder Panoplie u Kompetenzen a Perspektiven. Mir hunn eng Visioun, de politesche Wëllen, di néideg Kompetenzen, dat néidegt Wëssen, déi néideg Energie an Entscheedungskraaft – a virun allem :
Mir kennen ons Gemeng!

Iwwerzeegt iech selwer!

De Ben Ries ass Gonnerenger, 39 Joer al, Papp vun 2 Kanner an als Beruff Ekonomiesproff. 2017 an de Gemengerot gewielt, ass hie säit 2020 am Schäfferot. Hie steet 100% hannert der Gemeng Jonglënster an huet sech a kuerzer Zäit voll an d’Aarbecht vum Schäfferot erageknéit, wou hien d’Interête vun de Bierger verdeedegt a sech fir si asetzt. Och leit et him um Häerz d’Servicer vun der Gemeng ze moderniséieren. An de leschten 3 Joer huet hie sech vollstänneg an Dossieren erageschafft an ass bereet, seng Verantwortung fir d’Gemeng Jonglënster weider auszebauen. Säin Asaz, seng Kompetenz a seng léisungsorientéiert Denkweis sinn di richteg Instrumenter fir d’Ausfëlle vu senger Tâche. Dofir ass de Ben onsen Spëtzekandidat!

D’Karine Bausch wunnt säit 1988 an der Buerg an ass 2020 als Presidentin vun eiser Sektioun gewielt ginn. D’Karine huet 45 Joer, ass eng aktiv Mamm vun 3 Kanner a schafft als Franséischproff. Ënner anerem ass hat Presidentin vun der Jugend- a Sportskommissioun, Sekretärin vun der Schoulkommissioun, Presidentin vun der Elterevereenegung aus der Buerg (APEB) an och nach Elterevertrieder um lokalen Niveau. D’Karine ass immens engagéiert an all deem wat et mécht, a freet sech di éischte Kéier mat an d’Walen ze goen.

D’Christiane Degraux, 58 Joer a vun Amber, brauch ee scho bal net méi virzestellen. Ëmmer frëndlech, engagéiert, zevirkommend a vill ze Fouss ënnerwee, suergt hatt sech em d’Awunner aus onser Gemeng. Zemools di mi kléng Dierfer an d’Zesummeliewe leien him um Häerz. Ma och d’Kanner sinn him immens wichteg. Zanter ville Jore schafft d’Christiane an enger Maison Relais an et mëscht him eng Freed sech fir si anzesetzen! D’Christiane setzt sech net nëmmen am Gemengerot an, hatt ass och an der Kommissioun fir Senioren a Soziales an am Comité de gérance vum Club Senior. Privat ass et och ganz aktive Member bei de Lënster Trëppler an am Comité vun den Amber Leit.

De Gilles Baum, 50 Joer a vu Jonglënster ass Gemengeconseiller, Deputéierten a Fraktiounspresident. Hie war bis 2020 Schäffen an huet du seng Plaz fir de Ben Ries fräi gemaach. Säit 2000 ass hien am Gemengerot an ass fir ons eng immens wäertvoll Hëllef. Mir si frou op seng Erfarung kënnen zeréckzegräifen. Wann d’Gemeng mol Ënnerstëtzung um nationalen Niveau brauch, kënne mir ons op de Gilles verloossen.

Den Dr. Tarik Chergui ass säit 2017 fir d’DP am Gemengerot. Als Generaliste an Urgentiste ass hie par Nature no bei de Leit a gëtt ons ëmmer erëm wäertvollen Input. Mir kënnen ons op seng Expertise – besonnesch um Niveau vun der Santé – verloossen, eng Expertise déi een net oft an der Gemengepolitik erëmfënnt.

D’Mara Bour ass ons jéngste Kandidatin. Mat 20 Joer ass hatt awer scho politesch aktiv, an dat besonnesch am Büro vun der JDL an als Member vun der JDL Osten. D’Mara studéiert den Ament Politikwëssenschaften zu Amsterdam. Dëst bréngt net nëmme frësche Wand an ons Sektioun mee och d’Perspektive vun der Jugend. Hatt setzt sech definitiv fir d’Interesse vun der Jugend an a mir si frou hatt derbäi ze hunn.

D’Lis Weber ass 45 Joer al, wunnt zu Jonglënster an ass Expert-Comptabel. Schonn zanter ville Joren ass d’Lis politesch bei der DP aktiv. Säit 2017 ass d’Lis Sekretärin vun der Finanzkommissioun an hält ëmmer e kritescht A op de Budget. Déi Kompetenze kommen och ons als Sektioun zegutt well d’Lis och Tresorière vun onse Kees ass. Als Mamm vu 2 Kanner, ass d’Lis och nach Member vun der Schoulkommissioun a setzt sech do fir d’Wuelbefanne vun de Schüler an.


De Marc Schroeder, 57 Joer, wunnt zu Gonnereng an ass Drécker vu Beruff. De Marc ass souwuel politesch wéi och sportlech aktiv! Hien ass President vun der Verkéierskommissioun a Member vun der Bautekommissioun. Hie setzt sech och fir Duerfliewen an ass Member vum Gonnerenger Duerfclub. An senger Fräizäit kënnt dir hien um Vëlo gesinn, oder am Dëschtennis zu Lënster.

De Jules Muller, 71 Joer, opgewuess zu Lënster, wunnt zënter 1988 zu Gonnereng, ass vu Beruff hier Ingenieur am ITC an Energie Beräich. Hien ass engagéiert, a Saachen Energietransitioun an Dévelopement durable dat a ganz verschiddene Beräicher : ënner anerem ass hien President vun EquiEnercoop, sengem Häerzensprojet, President vun der Bierger Musek, President vun der Natur- an Ëmweltkommissioun a Member vun der Finanzkommissioun. De Jules huet also ganz breet gefächert Kompetenzen a mir si frou hien als Kandidat an der Ekipp ze hunn.

D’Laurence Schmit huet 53 Joer an ass 1989 vu Bartreng an ons Gemeng geplënnert. Hatt wunnt mat sengem Mann a sengen 3 erwuessene Kanner zu Beidweiler a war bis kierzlech zanter laange Joren an der Kulturkommissioun aktiv. Als Léierin well d’Laurence nieft dem Schouleschen och sozial Wäerter mat op de Wee ginn. Eng weider Prioritéit ass him d’Nohaltegkeet.

D’Luisa Loureiro vu Jonglënster huet 53 Joer, ass Mamm vun 2 Kanner an ass berufflech als Staatsbeamtin aktiv. Säit 2 Joer kënne mir am Comité op dem Luisa säin Apport zielen a mir sinn houfreg hatt an onser Ekipp derbäi ze hunn. D’Luisa setzt sech an der Sports- a Jugendkommissioun fir d’Besoine vun onser Bierger an. Ma och um sozialen Niveau ass d’Luisa engagéiert, an dat ënnert anerem iwwert Trooperplay asbl. Do ass hatt Sekretärin, genau esou wéi bei der LSWCC asbl.

De Philippe Frisch, 27 Joer al, wunnt säit klengem un zu Guedber a wäert och an Zukunft zesumme mat senger Partnerin do wunne bleiwen. Hie war 15 Joer laang am Veräinsport  als Dëschtennisspiller aktiv a geet a senger Fräizäit och gären duerch d’Guedber Bëscher lafen. Berufflech ass hien als Instrukter fir en sozialen Ëmwelt-Atelier verantwortlech, wou hien de sozial benodeelegte Mënsche mat Hëllef vu verschiddene Projeten op den Aarbechtsmarché virbereet. De soziale Volet läit him deemno besonnesch um Häerz. De Philippe ass och an der Sozialkommissioun & an der Natur- & Ëmweltkommissioun aktiv.
Niewebäi mécht hien den Ament e Fernstudium an der Sozialpädagogik. De Philippe geet déi éischte Kéier mat an d’Walen a mir sinn immens frou dass hien ons Ekipp verstäerkt.

Mam Gaby Breser, 51 Joer, a Bankbeamtin aus der Buerg, presentéieren mir ons 7. Damm op onser Lëscht. Berufflech huet d’Gaby vill mat Finanzen ze dinn an hëlleft ons op deem Niveau gäre weider. Awer net nëmmen an deem Volet ass hatt fir ons eng staark Hëllef. Och de Sport an d’Kultur léien him uewen. Säin Asaz weist d’Gaby ëmmer erëm an der Kulturkommissioun an am Comité vum Dëschtennis Buerglënster.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp