DP-STAD Treff 2026

Standort

Centre Culturel Drescherhaus Dommeldange

Datum

16 März 2026

Uhrzeit

18:30 - 21:00

INVITATIOUN DP Stad Treff 2026

Léif Stater Parteifrënn,

Heimatter sidd Dir häerzlech invitéiert fir um DP STAD-Treff deelzehuelen. Dës Versammlung soll all déi engagéiert Stater Memberen zesummebréngen an bei dëser Geleeënheet d’Zesummenaarbecht an den Informatiounsfloss an de Stater Sektioune weider stäerken.

D’Stater Sektiounen halen bei dëser Geleeënheet hir jeweileg Haaptversammlung of an dat am Centre Culturel Drescherhaus (26a rue du Château, Dommeldange)

Ordre du jour:

18.30 Auer Haaptversammlunge vun all de verschiddene Sektiounen aus der Stad

19.30 Auer kuerz Paus

19.45 Auer Stater DP-Treff

  • Aleedung vun der Stater Buergermeeschtesch, der Madame Lydie Polfer
  • Rapport vum Coordinateur vun der DP Stad, Här Robert Philippart
  • Virstellung vun de verschiddenen Sektiounen
  • Message vun der JDL
  • Message vum Comité International
  • Zesummesetzung  vun der DP-Stad *
  • Message vum President vum Zentrum, dem Här Max Stoffel
  • Fräi Aussprooch

Merci fir Äert Interessi.

Liberal Gréiss

Fir d’DP-Stad

Max Stoffel        Robert Philippart

Sekretär                 Koordinateur