AGO DP Norden

Datum

18 Mrz 2024
Abgelaufen!

Uhrzeit

19:30 - 21:00

Léiwe Member aus dem Norden,

Nom Succès vun de leschte Joren invitéieren mir dech ganz häerzlech op déi 3. „Assemblée générale conjointe“ vun de Sektiounen aus dem Norden, déi den 18.03 um 19:30 zu Wëntger am Centre sportif et culturel, 27 Haaptstrooss, L-9780 Wincrange stattfënnt.

Genau ewéi d‘lescht Joer besteet d’Iddi doranner déi jeeweileg Assemblée générale vun de verschiddene Sektiounen aus dem Norden an engem Owend op enger Plaz zäitgläich ofzehalen.

Wichteg: All Sektioun hält seng Assemblée générale simultan a net noeneen an 30 Minutten op separaten Dëscher of.

Ordre du jour :

  1. Begréissung vum Bezierkspresident Eric THILL
  2. Assemblée générale vun de Sektiounen
  • Begréissung vum President
  • Aktivitéitsrapport vum Sekretär
  • Rapport vum Tresorier
  • Rapport vun de Keeserevisoren
  • Statutaresch Walen
  • Messagen vun den Invitéen
  • Divers
  1. Ried vum JDL-Norden President Michel GOETHALS
  2. Ried vun den Deputéierten André BAULER a Fernand ETGEN
  3. Ried vum Europadeputéierten Charles GOERENS
  4. Ried vum Minister Eric THILL

Nom Ofschloss gëtt et sur Place e Patt ze drénken an e Maufel z‘iessen.

An der Hoffnung dech kënnen ze begréissen, verbleiwe mir mat liberale Gréiss,

DP Norden