DP Lëntgen – kulinareschen Owend
Moien alleguer,
D’DP Lëntgen invitéiert Iech häerzlech op e kulinareschen Owend de Samschdeg, de 14. November 2026, am Vereinshaus zu Lëntgen.
Mir freeën eis, zesumme mat Iech e gemittlechen Owend bei engem gudde Menü an agreabler Gesellschaft ze verbréngen.
Programm
- 18:00 Auer: Apéro
- 19:00 Auer: Iessen
Plaz: Am Vereinshaus, 27, rue de l’Église, Lëntgen
Dir hutt d’Wiel tëschent zwee Menüen. De Präis läit bei 38 € pro Persoun.
Fir Iech unzemellen, iwwerweist w.e.g. de Betrag bis spéitstens den 8. November 2026 op dëse Kont:
IBAN: LU14 0099 7800 0101 4463
Bénéficiaire: DP – SECTION LINTGEN
Kommunikatioun: Ären Numm an de gewielte Menü
Gitt eis w.e.g. och per E-Mail un lentgen@dp.lu oder telefonesch um 621 192719 Bescheed, wéi ee Menü Dir wëllt.
Mir freeën eis op Äert Kommen an op e flotte gemeinsamen Owend!
Mat beschte Gréiss,
DP Lëntgen
