Workshop zum Gemengebudget

De Lou Linster gëtt Ablécker an d’Zesummestellung an d’Detailer vun engem Gemengebudget.

Duerch dëse Workshop kritt ee wäertvoll Tuyaue fir e Gemengebudget z’analyséieren an déi richteg Froen am Gemengerot ze stellen. No engem kuerzen Iwwerbléck iwwer d’Basisreegele kucke mir, wéi ee séier d’Schwaachstelle vun engem Budget identifizéiere kann, wéi een Amendementer zum Vott stelle kann a wéi een eng schlësseg Argumentatioun opbaut, fir déi eege Positioun zum Budget duerzeleeën.

Et riicht sech net nëmmen u Süd-Memberen, mee un all interesséiert Parteimemberen aus alle Bezierker.

D’Formatioun ass de Samschdeg, 21. November 2026 ëm 10 Auer zu Leideleng am Centre Culturel „An der Eech“ op 4 Rue Eich, 3352 Leudelange.

No der Formatioun ass e Mëttegiessen an der fonkelneier Brasserie Eech. Umeldung bis de 17. November iwwer Whatsapp op der Nummer 691 327 461 (Marc Meyer).

Schlagwörter:
Datum
21 Nov. 2026
Uhrzeit
10:00 - 12:00
Labels
Event
Standort
Centre Culturel „An der Eech“
4 Rue Eich, 3352 Leudelange
Regioun
Veranstalter
DP Süden

Nächste Veranstaltung

QR Code