JDL – Quizowend

Datum

24 Sep 2022
Abgelaufen!

Uhrzeit

18:00 - 22:00

Et ass nees esouwäit: D’JDL Süden invitéiert Iech de 24. September op hire berüümte Quizowend, deen dëst Joer am wonnerschéinen Duerf Duelem (Gemeng Garnech) wäert sinn.

Nieft enge sëllege Quizronne waarde gutt Drinken, eng super Atmosphär an interessant Präisser op Iech.

Mir lueden Iech häerzlech an, als Grupp (4-6 MatspillerInnen) op onsem Owend deelzehuelen.

D’Participatioun kascht 18€ op de Kapp. Domadder abegraff si souwuel de Quizowend u sech, wéi och de gudde Maufel z’iessen.

D’Gedrénks gëtt allerdéngs separat verrechent. Umelle kënnt Dir Iech gären iwwert d’Mail vun ons (sueden@jonkdemokraten.lu).

Weider Informatioune fannt Dir op onsem Flyer.

Natierlech kënnt Dir dem Kommitee och gären eng Noriicht schreiwen!

Mir äntwere gären.