DP Rouspert-Mompech invitéiert Iech op en Informatiounsowend zum Thema „Landwirtschaft am Wandel“ mam Luc Emering

Léif alleguer,

Wéi steet et ëm d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat sinn d’Erausfuerderunge fir eis Baueren, a wéi kënne mir d’Zukunft vun hire Betriber ofsécheren?

D’DP Rouspert-Mompech invitéiert Iech op en Informatiouns- an Diskussiounsowend zum Thema „Landwirtschaft am Wandel“, bei deem mir zesumme mat Experten a Leit aus der Praxis iwwer d’Ausgangslag, d’Erausfuerderungen an d’Zukunft vun der Landwirtschaft diskutéieren.

Ob konventionell, Bio- oder Wäibau: Wéi eng Perspektive ginn et, a wat brauchen d’Baueren, fir hir Betriber och laangfristeg erfollegräich weiderzeféieren?

Eis Invitéeën:

  • Luc Emering, BioBauer an Deputéierten (DP)
  • Luc Roeder, BioWënzer vun der Maison viticole Roeder zu Steenem
  • Dan Schaaf, BioBauer
  • Jeff Weydert, BioBauer a BioGäertner um Frombuergerhaff

Moderatioun: Philip Birget (Biolog an Hobby-Bauer)

Datum: Donneschdeg, de 5. November 2026, um 20:00 Auer

Plaz: Kulturhaff Millermoler, 19 rue Girsterklaus, Hénkel, Donneschdeg

Mir freeën eis op eng interessant Diskussioun an op Äre Besuch.

Mat beschte Gréiss,

DP

Datum
05 Nov. 2026
Uhrzeit
20:00 - 23:00
Labels
Event

Nächste Veranstaltung

QR Code