DP Rouspert-Mompech invitéiert Iech op en Informatiounsowend zum Thema „Landwirtschaft am Wandel“ mam Luc Emering
Léif alleguer,
Wéi steet et ëm d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat sinn d’Erausfuerderunge fir eis Baueren, a wéi kënne mir d’Zukunft vun hire Betriber ofsécheren?
D’DP Rouspert-Mompech invitéiert Iech op en Informatiouns- an Diskussiounsowend zum Thema „Landwirtschaft am Wandel“, bei deem mir zesumme mat Experten a Leit aus der Praxis iwwer d’Ausgangslag, d’Erausfuerderungen an d’Zukunft vun der Landwirtschaft diskutéieren.
Ob konventionell, Bio- oder Wäibau: Wéi eng Perspektive ginn et, a wat brauchen d’Baueren, fir hir Betriber och laangfristeg erfollegräich weiderzeféieren?
Eis Invitéeën:
- Luc Emering, BioBauer an Deputéierten (DP)
- Luc Roeder, BioWënzer vun der Maison viticole Roeder zu Steenem
- Dan Schaaf, BioBauer
- Jeff Weydert, BioBauer a BioGäertner um Frombuergerhaff
Moderatioun: Philip Birget (Biolog an Hobby-Bauer)
Datum: Donneschdeg, de 5. November 2026, um 20:00 Auer
Plaz: Kulturhaff Millermoler, 19 rue Girsterklaus, Hénkel, Donneschdeg
Mir freeën eis op eng interessant Diskussioun an op Äre Besuch.
Mat beschte Gréiss,
DP
